Déi Lénk Norden invitéiren op hiert alljährlecht Fest am Prabbeli zu Wolz. Mir hunn ee klenge Programm aus Kultur a Politik zesummegestallt a wieren frou mat iech zesummen dësen Nomëtten ze verbréngen.
Em 14h30 wäert de lëtzebuerger Schrëftsteller Roland Meyer optrieden an e puer Geschichten an Erzielungen zum Beschten ginn.
Em 16 Auer wëlle mer d’Gemengewalen nächst Joer thematiséieren. Wat sinn Brennpunkten a méiglech Léisungsusätz aus lénker Sicht? Dëst a villes méi wëllen mer an enger oppener Diskussioun e.a. mam Gary Diderich, Spriecher vun déi Lénk, beschwätzen. Och wëlle mer vun der Geleeënheet profitéieren a mat iech zesummen d’Méiglechkeet vun lénken Lëschten am Norden beschwätzen.
Dono an zwëschenduerch bleift Zäit sech bei engem Patt iwwer lëtzebuerger Dagespolitik an d’Weltgeschéien auszetauschen.
Ween wëll, kann och schon fir d’Mëttegiessen ab 12 Auer an de Prabbeli kommen. W.e.g. reservéiert äre Menü (vegetaresch, net-vegetaresch) per email: philischu@yahoo.de
Mir freeën eis op iech!
Déi Lénk Norden