Eng Grimmel méi REVIS a Mindestloun – Eng Drëps méi op de waarme Steen.

jeudi, 20 décembre 2018

Wéi gesot dës Upassung ass e wichtege Schratt no vir, mee si geet net wäit genuch. Trotz der Upassung vum REVIS bleift de Problem vun der schwaacher Opwäertung vun der Aarbecht déi e wichtegen Aarmutsfacteur ass. Bei Leit mat schwéierem Handicap fir déi et meeschtens onméiglech ass ze schaffen, bleift nach ëmmer d’Fro vun der allgemenger solidarescher a gerechter Ëmverdeelung vum Räichtum op. Un dës Froen trauen sech d’Regierungsmemberen net erun an hunn och an hirem Koalitiounsaccord keng Äntwerten opzeweisen. Plus d'informations >

Projet de Loi 7302 – Mini-Crèches

jeudi, 05 juillet 2018

déi Lénk engagéieren sech fir eng ëffentlech gratis Kannerbetreiung, net fir de Crèchen-Business. Dëst Gesetz schaaft de Kader fir eng nei Form vu Kannerbetreiung am Privatsecteur : d‘Mini-Crèchen. Mir stellen hei net d’Kompetenzen vum Personal a Fro, déi jo schliisslech iwwer Formatiounen zertifiéiert sinn. Wat mir a Fro stellen ass d’Privatiséierung vun der Bildung, vun der Crèche, iwwer d’Schoul bis op d’Uni. Dee ganze Bildungsprozess gëtt no a no un d’privat Wirtschaft an d’Eegeninitiativ ausgelagert an de Staat stellt sech net senge Responsabilitéiten déi e besonnesch am Beräich vun der Erzéiung an der Bildung sollt hunn, als Garant fir eng Chancëgläichheet. Plus d'informations >

8 nei psycho-pedagogesch Kompetenzzentren – PdL 7181

mardi, 26 juin 2018

Enthalung! Opgrond vun dësen Onkloerheeten, mee och op Grond vun engem anere Verständnis dat déi Lénk vun der inklusiver Schoul hunn. D’Chancëgläichheet an eiser Schoul kann nëmmen da garantéiert ginn, wann d’Inclusioun vun alle Schüler iwwert eng individuell Betreiung, an d’Konzentratioun vun de néidege Ressourcen um Terrain, also an de Schoulen, an de Klassesäll stattfënnt. Eis Enseignant'en brauchen Ënnerstëtzung keng zousätzlech administrativ Belaaschtung. Déi pedagogesch Betreiungsaarbecht kann a muss besser opgedeelt ginn an esou gutt ewéi et geet am Klassesall mam néidegen Equipement stattfannen. Dofir wëlle mir eng multiprofessionell pedagogesch Ekipp an all Klassesall. Plus d'informations >

Neit Unisgesetz – PdL 7132

mercredi, 13 juin 2018

Mat dëser Reform gëtt kloer ënnerstrach dat d’Uni nëmmen ee Mëttel zum Zweck ass fir ekonomesch Nischen opzemaachen an ze fëllen. d’Uni soll no engem Konzept funktionéieren dat een Investissement an dräi Secteure virgesäit déi eng zesumme solle schaffen: Business, Recherche an Technologien,  an Héichschoulausbildung. Plus d'informations >

Déi nei Patentbox: Eng “arme de défiscalisation massive”

vendredi, 23 mars 2018

Datt déi Patentbox géif déi privat Fuerschung an d'Entwécklung hei am Land undreiwen, sou wéi vun der Regierung behaapt, ass beschtefalls Wonschdenken. Well bei deene Steiervergënschtegunge muss d'Fuerschung net zwéngend hei am Land stattfannen, och Fuerschung aus dem Ausland kann dovunner profitéieren. Doriwwer eraus gëtt et guer keng Unhaltspunkten, datt eng Patentbox iwwerhaapt d’Fuerschung erhéicht. Plus d'informations >

PdL 7075 – Observatoire de la qualité scolaire

mardi, 13 février 2018

Bei dësem Gesetz handelt et sech ëm eng weider Tranche vun der Schoulreform déi de Minister Meisch mat enger Salamitaktik duerchsetzt. Déi innombrabel Gremien déi am Kader vun dëser Reform bis elo scho gegrënnt gi sinn, hunn nach keng Friichte gedroen a schénge just zu der Bürokratiséiserung vum Schoulsystem an engem institutionellen Duerchernee bäizedroen. De Käschtenopwand vun dëser neier Mesure ass och net ze ënnerschätzen (1.423.000 Euro pro Joer), woubäi des Suen net do investéiert gi wou se gebraucht ginn, nämlech an der Klass, bei de Schüler a beim Opstocke vum Léierpersonal. Plus d'informations >