PdL 7008 – Prostitutioun

jeudi, 08 février 2018

Dogéint! Déi verschidde repressiv Mesuren déi dëse Gesetzesprojet fërdert fir soi-disant géint de Mënschenhandel zu sexuellen Zwecker an de Proxenitismus unzekämpfen, stellt eng lëtzebuergesch Haltung zu der Prostitutioun duer, déi op eng plus ou moins verstoppte Manéier eng repressiv Politik géint Prostituéiert an hir Client’en ënnerstëtzt.   Plus d'informations >

Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3

vendredi, 15 décembre 2017

Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift.  Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Plus d'informations >

PdL 7074 – Reform vum Enseignement secondaire

jeudi, 27 juillet 2017

Dogéint! déi Lénk stëmmen géint dest Gesetz dat d'Weichen fir eng Zerstéierung vun der öffentlecher Schoul stellt! Et mecht Dieren grouss op fir d'Konkurrenz tëschend den Etablissementer vum Enseignement secondaire, an féiert zu enger Oppositioun tëschend Elteschoulen an "Pubellsschoulen". déi Lénk fannen dat den Zougang zu der schoulescher Ausbildung sollt demokratesch gereegelt sinn an d'Qualitéit vum Enseignement misst an allen Lycéen , souwuel am Technique général ewéi am Classique denen nemmlechten héigen Standarden gerecht ginn. Och d'Eennheetlechkeet vum Oofschlossdiplom muss preservéiert bleiwen an den nämmlechten Wäert unerkannt kréien... Plus d'informations >

Réforme de la loi sur la nationalité (PdL 6977)

jeudi, 09 février 2017

An der Chamber hunn mer dat neit Nationalitéitegesetz gestëmmt, well et enger ganzer Rëtsch Fuerderungen vun déi Lénk entsprécht. Mee et gouf leider och duerch den Afloss vun der CSV eng Chance verpasst, fir d'Lëtzebuerger Sprooch als eppes ze gesinn, wat d'Mënschen zesummebréngt. Plus d'informations >

PdL 6989 – Reform vum Détachementsgesetz

mardi, 07 février 2017

Dofir! Den europäesche Bannemaart an dem Wueren, Déngschtleeschtungen, Kapital a Persoune fräi zirkuléiere kënnen, baut op Konkurrenz tëscht de Memberstaaten op, déi dann zu Loun- a Sozialdumping féiert. D’Direktiv – a fir Lëtzebuerg dann dëst Gesetz – zitt awer hei en Netz an, dat vill Abus bei de Léin a der Mëssuechtung vum Aarbechtsrecht verhënnere kann. Och wann ee sécherlech méi wäit hätt kënne goen (d’CSL huet Virschléi an dem Sënn gemaach), sou geet dëst Gesetz fir déi Lénk awer an déi richteg Richtung. Plus d'informations >