“En europäescht Partnerland gëtt widdert Mauer gedréckt a kritt d’Wiel zwësche Pescht a Cholera, dem Grexit oder der Fortsetzung vun der aler Politik.”

mercredi, 15 juillet 2015

De Serge Urbany huet gëschter an der Chamber an der Debatt iwwer d'Resultat vum Euro-Sommet vum 12/13. Juli geschwat an d'Erpressung där Griicheland ausgesat gouf, schaarf kritiséiert. Hei kënnt dir d'Ried nach eng Kéier an noliesen. Plus d'informations >

Et misst an all Land e Referendum gemaach ginn iwwer d’Austeritéitspolitik!

jeudi, 09 juillet 2015

"De griichesche Referendum wäert, egal wéi et weider geet, an d'Geschicht vun der Europäescher Union agoen. Et war nämlech e majoritärt Opbegiere vun engem Vollek - an zwar duerch all Schichte vun der Bevëlkerung, besonnesch staark vertruede bei de Jonken - géint déi neoliberal Politik, déi an Europa gemaach gëtt!" Plus d'informations >

Mir brauchen en radikaalt Ëmdenken an der Logementspolitik – an zwar schnell

mercredi, 01 juillet 2015

Fir den David Wagner ass de Logement een vun den Haaptproblemer hei am Land, net nëmme fir déi Leit déi ganz wéineg verdéngen, mee an der Tëschenzäit och fir e gudden Deel vun der Mëttelschicht. Eng richteg Logementspolitik muss et der ganzer Bevëlkerung erlaben eng éierbar Wunneng ze hunn, ouni sech ze ruinéiere. Plus d'informations >

BND spioniert für NSA Daten aus Luxemburg: Dringende Klärung verlangt!

vendredi, 15 mai 2015

Der BND spionierte im Auftrag der NSA die Datenströme von Luxemburg nach Wien über den Knoten Frankfurt aus. Wichtige Datenstränge aus Luxemburg werden direkt angezapft und an den NSA weitergeleitet.  Dies ist eine kriminelle Aktion gegen österreichische und luxemburgische Bürger und Unternehmen. Dazu stellen sich eine ganze Reihe Fragen, unter anderem, in wieweit der hiesige Geheimdienst und seine politischen Verantwortlichen Bescheid wussten und was ie jetzt zu tun gedenken? Wir erwarten schnelle Antworten. Deshalb haben wir eine dringende Sitzung der zuständigen Kommission der Abgeordnetenkammer eingefordert und den zuständigen Kommunikationsminister - in Personaleinheit mit Premierminister Xavier Bettel - eingeladen Rede und Antwort zu stehen ... Plus d'informations >

Eng alternativ Ried zur Lag vum Land – vum Serge Urbany

jeudi, 07 mai 2015

view video on chd.lu

De Serge Urbany huet gëschter an der Chamber eng alternativ Ried zur Lag vum Land gehalen an huet sech do besonnesch op déi schnell wuessend Aarmut, d'Prekariséierung vun der Aarbecht an déi zeréckleiend a geplangten ongerecht Reformen am Sozialwiese konzentréiert. D'Affer vun dësen onsoziale Mesurë sinn d'Leit, déi schaffen, vun hirer Pensioun liewen,  sech grad am Chômage befannen oder nach an der Ausbildung sinn. Vill vun hinne kënnen awer politesch net mat entscheeden an hu soumat och keen Afloss op Entscheedungen iwwer hir sozial Rechter an d'politesch Gestaltung vum Land. Fir dass sech dat ännert an d'Demokratie gestäerkt gëtt, ruffen de Serge Urbany an déi Lénk op, beim Referendum vum 7.Juni mat JO ze stëmmen, an zwar dräi mol! Plus d'informations >

Réforme de la fonction publique: Intervention de Justin Turpel

mercredi, 25 mars 2015

Retrouvez ici les interventions de Justin Turpel à propos de la réforme de la fonction publique ainsi que les amendements et motions proposés par la sensibilité politique de déi Lénk. Plus d'informations >