Motion demandant la gratuité des transports publics

lundi, 18 décembre 2017

Am Kader vun de Budgetsdebatten 2018 hu mäer eng Initiativ geholl fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze fuederen. Plus d'informations >

Budget: Ongesond (Steier)Nischen a feelend Zukunftsinvestitiounen

jeudi, 14 décembre 2017

D'Besteierung geet ëmmer méi zu Laaschte vun de Leit déi fir e Loun schaffen, während duerch Steierdumping an ongesond Nischen d'Betriber, grouss Immobiliebesëtzer an Ultraräicher ëmmer besser ewechkommen. Eng Steierpolitik, déi op der falscher Plaz hëlt, dréit maassgeeblech dozou bäi, dass déi falsch Wirtschaftssecteure wuessen an déi falsch Leit sech beräichere kënnen: et entsteet en ongesonde Wuesstem, et feele Recetten an de Räichtum gëtt ëmmer méi ongerecht verdeelt. Eng Investitiounspolitik fir dëse Feelentwécklungen entgéint ze wierke gëtt ënnert deene Viraussetzunge bal onméiglech an de politesche Wëlle fir et zumindest ze probéieren, feelt bei LSAP-DP-déi gréng komplett. Och d'CSV an d’ADR iwwerbidden sech léiwer bei der Dramatiséierung vun der (immens klenger) Staatsschold wéi sech mat den Erausfuerderunge vum Land ze beschäftegen. Déi gesi mir e.a. an dësen dräi Beräicher: Logement, Mobilitéit, Bildung. D’Depense fir des Beräicher am Kontext vun engem ongebremste Wuesstem ginn net duer fir de Retard opzehuelen den sech hei accumuléiert huet. Beim Wunnengsbau, bei der Planifikatioun vun der Mobilitéit, grad esou ewéi bei der Educatioun, ass de Courage net do massiv a konsequent ze investéieren am Interessi vun de Leit. Plus d'informations >

Motion relative aux salariés de Luxtram S.A.

jeudi, 14 décembre 2017

Am Kader vun de Budgetsdebatten hunn déi Lénk mat enger Motioun gefuedert, dass bei LUXTRAM kee Loundumping dierft bedriwwe ginn an d'Salairen an d'Aarbechtsbedingungen dene vun der fonction publique missten ugepasst ginn. Plus d'informations >

David Wagner – Bilan vun der COP23

mercredi, 29 novembre 2017

Bescheiden: Sou kann een d'Resultater vun der COP23 nenne wann een optimistesch ass. Technesch Froe fir d'Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes sollten do gereegelt ginn a konkret erauskomm ass schlussendlech just d'Grënnung vun enger ganzer Rei vu Berodungsgremien. Vill vun eis kennen dat jo aus dem Alldag: Wann een sech net eens gëtt oder keng Decisioun wëll huelen, da grënnt een einfach mol e puer Aarbechtsgruppen. Plus d'informations >

Debatt iwwer de Rapport « The third Industrial Revolution Strategy »

jeudi, 16 novembre 2017

Dat zentraalt Uleies vum Rapport ass et de kapitalistesche Wirtschaftsmodell weider z’entwéckelen an dësen an Aklang mat ekologesche Contrainten (Klima, Ëmwelt...) wëllen ze bréngen. An dëse Modell soll weider op engem méiglechst héije Wuesstem baséieren. Fir dass dat geléngt, gëtt massiv an eesäiteg op technologesch Entwécklunge gesat (Internet of Things z.B.), fir mat der sou gewonnener Effikassitéit (alles geet méi séier) weider u Produktivitéit ze gewannen. De Mënsch mat senger Kreativitéit a senger Aarbechtskraaft spillt doran eng verschwindend kleng Roll. Froen iwwer d’Verdeelung vum Räichtum a vu Muecht ginn net thematiséiert. Plus d'informations >

Interpellatioun iwwer d’liberté d’expression

mercredi, 15 novembre 2017

Dem David Wagner séng Ried am Kader vun enger Interpellatioun iwwer d'liberté d'expression zu Lëtzebuerg. Plus d'informations >