Question parlementaire concernant les financements effectués par l’Etat et les organismes d’investissement publics dans le cadre de l’initiative spaceresources.lu

mercredi, 14 novembre 2018

Et ass mëttlerweil gewosst, dass d'SNCI (Société Nationale de Crédit et d'Investissement) 12 Milliounen € ëffentlech Gelder duerch seng Bedeelegung un der US-amerikanescher Entreprise Planetary Resources verluer huet. Mee wéi vill ëffentlech Sue fléissen eigentlech insgesamt an dëse Wirtschaftssecteur? An de leschte Woche gouf eng Lëtzebuerger Weltraumagence gegrënnt an d'Schafung vun engem spezielle Weltraumfong ugekënnegt. Mat wéi enge Gelder gëtt hei operéiert a wat fir Aktivitéite ginn iwwerhaapt genee finanzéiert? Ginn an dësem Secteur iwwerhaapt - wéi vum Wirtschaftsminister ugekënnegt - Aarbechtsplaze geschaaft - a wa jo wéi eng - oder handelt et sech just em eng weider Nisch mat där Lëtzebuerg privaten Entreprisë mat Steiergelder bei der Kommerzialiséierung vum Weltraum an der Fuerschung ënnert d'Äerm gräift? Plus d'informations >

Question relative à l’avenir de la radio socio-culturelle 100,7

mardi, 13 novembre 2018

Nodeems de Premier- a Medieminister ufanks Oktober der Aluedung vun déi Lénk (an och der CSV) an der zoustänneger Chamberskommissioun keng Folleg ginn huet an nodeems hie ganz lapidar an deelweis onvollstänneg op Froe vum Sam Tanson a Franz Fayot geäntwert huet, hu mir och decidéiert dem Här Bettel an enger parlamentarescher Ufro déi Froen ze stellen déi mir him an der Kommissioun gestallt hätten. Et ass nämlech Zäit fir sech Suergen ze maachen em déi politesch Onofhängegkeet vum 100,7. Plus d'informations >

Parlamentaresch Fro: Wéini krit Lëtzebuerg endlech eng sérieux post-2020 Strategie fir de Klimaschutz?

lundi, 12 novembre 2018

L’accord de Paris sur le climat ratifié le 12 décembre 2018 par 195 pays et entré en vigueur le 4 novembre 2016 affirme l’objectif affirme de « contenir le réchauffement climatique nettement en dessous de 2 °C par rapport aux niveaux préindustriels et de poursuivre l’action menée pour limiter l’élévation des températures à 1,5 °C ». Plus d'informations >

Question parlementaire: Montages fiscaux “Cum-Ex” , “Cum-Cum”

mardi, 06 novembre 2018

Une enquête menée par 19 médias européens a révélé le mois dernier que des montages fiscaux, nommés « Cum- Ex » et « Cum-Cum » auraient coûté 55 milliards d’euros à 11 Etats européens, soit l'Allemagne, la France, l'Espagne, l'Italie, les Pays-Bas, le Danemark, la Belgique, l'Autriche, la Finlande, la Norvège et la Suisse, en 15 ans. Alors que tous les pays précités sont touchés par les pratiques d’optimisation fiscales (« Cum-Cum »), seulement certains auraient été touchés par la fraude (« Cum-Ex »). Selon un média d’investigation allemand, le Luxembourg aurait joué un rôle clé dans la réalisation du montage « Cum-Ex ».  Plus d'informations >

Neit Accident an der Triage Gare zu Beetebuerg: Wat ënnerhëlt de responsabele Minister?

vendredi, 26 octobre 2018

De 16.Oktober 2018 zu Beetebuerg an der Triage Gare koum et erneis zu engem Accident. Dës Kéier tëscht geluedene Waggon'e an engem Gidderzuch, wou ee Schaffner vun der SNCF Fret vun Thionville liicht blesséiert gouf. Dee selwechte Mann huet scho beim Accident vu 2017 säi Liewen op d’Spill gesat. Obwuel sech d’Virfäll a Problemer an dësem Secteur heefen, gëtt et nach ëmmer kee klore Bericht iwwer d’Ursaache vun de viregten Accidenter. déi Lénk appelléieren un den Transportminister fir méi Transparenz an Handlung fir méi Sécherheet op dëser Linn. Plus d'informations >

Wéi ass Lëtzebuerg um NATO-Manöver “Trident Juncture” bedeelegt?

jeudi, 25 octobre 2018

An Nordeuropa gëtt Krich gespillt. D'NATO féiert säit haut an Norwegen a ronderëm d'baltescht Mier dat gréisste Militärmanöver säit dem Enn vum Kale Krich duerch. Lëtzebuerg ass Member vun der NATO a soumat zumindest indirekt un der militärescher Eskalatioun bedeelegt, déi besonnesch vun amerikanescher Säit a sengem President Donald Trump weidergedriwwe gëtt. Mee ass Lëtzebuerg och direkt un dëser Operatioun bedeelegt? Si Lëtzebuerger Zaldoten op der Plaz? Wa jo, wéivill sinn et der a wat ass hir Missioun? Kommen eventuell aner Kompetenzen oder Equipementer vun der Lëtzebuerger Arméi an den Asaz? Plus d'informations >