Accords de Partenariat Economique: Nee zu neokolonialistesche Wirtschaftsaccord’en!

jeudi, 17 octobre 2019

Dee ganze Projet vun de faméisen Accords de Partenariat Economique kann een eigentlech just als neokolonialistesch bezeechnen. Et ass Paradebeispill dofir, wéi räich Industrielänner hir Interêten récksiichtslos géigeniwwer vun den Entwécklungslänner imposéieren. Plus d'informations >

Marc Baum – PdL 7416 – Erhéijung vum Mindestloun em 0,9%

jeudi, 27 juin 2019

Des Woch gouf de Mindestloun em 0,9% erhéicht. Dat entsprécht 18€ de Mount an ass een Deel vun der Erhéijung vum Netto-Mindestloun em 100€, den am Koalitiounsaccord virgesinn ass. De Gros vun dëser Erhéijung em 100€ gëtt awer iwwer d'Steiere finanzéiert, also indirekt vun de Salarié'en selwer, déi de Gros vun dëse Steieren iwwer hir Léin bezuelen. Des Erhéijung em 18€ geet natierlech net wäit genuch, wëll de Netto-Mindestloun ëmmer nach däitlech ënnert dem Montant läit, den ee laut STATEC brauch fir dezent zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen. Dofir fuerdere mir weiderhin eng zousätzlech Erhéijung em minimum 10%. Plus d'informations >

PdL 7268 – Gepléischters bei der Formation professionnelle

jeudi, 20 juin 2019


Privatiséierung vun der Eisebunn

vendredi, 10 mai 2019

Säit 2001 leeft déi schrëttweis Liberaliséierung vum europäesche Schinneverkéier an amplaz mol eng Evaluatioun dovunner ze maachen, gëtt elo einfach weider liberaliséiert. Esou eng Evaluatioun hätt gewisen, datt déi ufanks enoncéiert Ziler ni erreecht gi sinn: Et koum net zu enger Verbesserung vun der Offer an och net zu enger Baisse vun de Präisser. Am Géigendeel, den Zuchverkéier huet géigeniwwer vum Stroosseverkéier weider u Buedem verluer an et koum zu Sozialdumping, mat schlëmme Konsequenze fir d'Ëmwelt an d'Aarbechts- a Sécherheetskonditiounen. Plus d'informations >

7368 – Ratification Amendements au Protocole de Göteborg (Loftqualitéit)

vendredi, 15 février 2019

Dofir. Mir sinn natierlech dofir, dass d’Staaten verbindlech Ziler gesat kréie wat d’Reduktioun vu gesondheetsschiedleche Substanzen ugeet. Déi international Konventiounen an d’europäesch Direktiven an dem Beräich sinn dofir ganz wichteg. Op d’Fro, wéi des Reduktioune sollen erreecht ginn an ob se iwwerhaapt duerginn, gëtt et bis elo awer keng Äntwert. Mat Steierkonkurrenz um Sprit, mam Subventionéiere vun toxesche Multinationalen am Energieberäich an enger Regulatioun vun den Ofgase vun Auto’en a Camion’en, déi net wäit genuch geet, ass des Situatioun op alle Fall net an de Grëff ze kréien. Mee dat ass awer de Wee, deen d’EU an och Lëtzebuerg ginn. Plus d'informations >

7223 – Echange automatique sur demande (adaptation Berlioz)

vendredi, 15 février 2019

Enthalung. Dëse Projet de Loi ass e Schratt an déi falsch Richtung an dofir kënne mir deem net zoustëmmen. Op der anerer Säit si mer eis awer bewosst, datt d’Regierung hei net immens vill Choix hat. De Projet de Loi 7223 ass mat 52 Jo-Stëmmen, 4 Nee-Stëmmen an 2 Enthalungen ugeholl ginn. Plus d'informations >