7363 – circulation des titres (Blockchain)

vendredi, 15 février 2019

Dogéint. Mir sinn natierlech net géint dës nei Technologie u sech, déi e grousst Potential huet. Mä mir mengen, datt et fir d’éischt eng breet ëffentlech an international Debatt muss ginn iwwert déi Aart a Weis, wéi dës Technologie am ëffentlechen Interessi soll genotzt an encadréiert ginn. Dem Finanzsecteur elo scho gréng Luucht ze gi fir Fakten ze schafen, ass do sécher net de richtege Wee. De Projet de Loi 7363 ass mat 57 Jo-Stëmmen an 2 Nee-Stëmmen ugeholl ginn. Plus d'informations >

7333 – Convention multilatérale (BEPS)

vendredi, 15 février 2019

Dogéint. De positiven Impakt vun dëser OCDE-Konventioun beim Kampf géint Steierevasioun gëtt enorm verréngert, wann all Land esou vill Ausnamen a Reserven an Usproch hëlt, wéi Lëtzebuerg. déi Lénk ka mat dëser Virgoensweis vun der Regierung op kee Fall averstane sinn. De Projet de Loi 7333 ass mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Nee-Stëmmen ugeholl ginn. Plus d'informations >

Just 100€ méi: de Mindestloun bleift en Hongerloun.

jeudi, 20 décembre 2018

100€ netto méi, geet bei wäitem net duer, fir dass Leit mam Mindestloun anstänneg kënne liewen. Mat 100€ méi läit den Netto ëmmer nach e gutt Stéck ënnert de budget de référence vum STATEC an och just ganz knapps iwwer der Aarmutsgrenz. déi Lénk hunn dofir och eng méi däitlech Erhéijung em 400€ gefuerdert. Mir sti weiderhin hannert dëser Fuerderung. Plus d'informations >

PdL 7317 – Registre des bénéficiaires effectifs

jeudi, 20 décembre 2018

Fir eis ass d’Transparenz vum Finanzsystem eng ganz wichteg Viraussetzung fir kriminell Aktivitéiten a Steierhannerzéiung anzeschränken. Och wann déi aktuell EU-Bestëmmungen an dësem Beräich nach ëmmer Lücken opweisen, ass dëse Projet de Loi eng wichteg Etapp an déi richteg Richtung. Mir begréissen dobäi och ausdrécklech, datt de Publik Zougank op déi Informatioune kritt. Plus d'informations >

Militärfliger A400M: déi Lénk als eenzeg géint weider militäresch Oprëschtung

mardi, 10 juillet 2018

déi Lénk hu géint d'Finanzéierung vum Entretien vum Militärfliger A400M gestëmmt. Dee soll de Staat iwwer 30 Joer ganzer 420 Milliounen Euro kaschten. Et ass fundamental ongerecht an onverantwortlech, weiderhi Milliounen an d’militäresch Oprëschtung ze stiechen, wärend zäitgläich all Euro dräimol ëmgedréint gëtt fir sozial Ongläichheeten ofzebauen oder fir Investitiounen an d’ekologesch Transitioun ze maachen. D’Regierung setzt an eisen Aen déi komplett falsch Akzenter fir d’Zukunft a mécht Lëtzebuerg ëmmer méi zu enger aktiver Partei an internationale Konflikter. Plus d'informations >

REVIS: Kee Mëttel géint déi wuessend Aarmut zu Lëtzebuerg

mardi, 10 juillet 2018

déi Lénk hätten sech en universellt Recht op de REVIS gewënscht, Montant’en, déi de sozio-ekonomesche Realitéiten zu Lëtzebuerg ugepasst sinn a virun allem eng Approche, déi d’Aarbecht wierklech valoriséiert a jidderengem d’Méiglechkeet an d’Recht bitt, eng lounend a bezuelten Tätegkeet kënnen auszeüben, déi reell Perspektive fir d’Zukunft bitt. Alles dat ass an dëser Reform net virgesinn. Dofir hunn déi Lénk mat NEE gestëmmt. Plus d'informations >