Projet de Loi 7302 – Mini-Crèches

jeudi, 05 juillet 2018

déi Lénk engagéieren sech fir eng ëffentlech gratis Kannerbetreiung, net fir de Crèchen-Business. Dëst Gesetz schaaft de Kader fir eng nei Form vu Kannerbetreiung am Privatsecteur : d‘Mini-Crèchen. Mir stellen hei net d’Kompetenzen vum Personal a Fro, déi jo schliisslech iwwer Formatiounen zertifiéiert sinn. Wat mir a Fro stellen ass d’Privatiséierung vun der Bildung, vun der Crèche, iwwer d’Schoul bis op d’Uni. Dee ganze Bildungsprozess gëtt no a no un d’privat Wirtschaft an d’Eegeninitiativ ausgelagert an de Staat stellt sech net senge Responsabilitéiten déi e besonnesch am Beräich vun der Erzéiung an der Bildung sollt hunn, als Garant fir eng Chancëgläichheet. Plus d'informations >

Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (Pdl 7231)

mercredi, 27 juin 2018

Déi 3 Mesuren, déi an dësem Gesetz virgesi sinn, ënnerstëtze mir zwar, mee mir stellen eis awer d’Fro, ob hei net en administrative Waasserkapp geschafe gëtt, mat verschiddenen Acteuren, déi riskéieren sech bei hire Missiounen éischter am Wee ze stoen. Mir gesinn et och als immens wichteg un d'Méisproochegkeet ze fërderen, déi zugläich Chance an Erausfuerderung ass, fir jiddereen.t deen hei lieft, schafft a léiert. D’Léiere vu Sprooche misst dowéinst allgemeng méi staark gefërdert ginn. Dass sech hei awer eleng op d’Fërderung vum Lëtzebuergesche beschränkt gëtt, gesi mir dowéinst och als verpasste Chance. Plus d'informations >

8 nei psycho-pedagogesch Kompetenzzentren – PdL 7181

mardi, 26 juin 2018

Enthalung! Opgrond vun dësen Onkloerheeten, mee och op Grond vun engem anere Verständnis dat déi Lénk vun der inklusiver Schoul hunn. D’Chancëgläichheet an eiser Schoul kann nëmmen da garantéiert ginn, wann d’Inclusioun vun alle Schüler iwwert eng individuell Betreiung, an d’Konzentratioun vun de néidege Ressourcen um Terrain, also an de Schoulen, an de Klassesäll stattfënnt. Eis Enseignant'en brauchen Ënnerstëtzung keng zousätzlech administrativ Belaaschtung. Déi pedagogesch Betreiungsaarbecht kann a muss besser opgedeelt ginn an esou gutt ewéi et geet am Klassesall mam néidegen Equipement stattfannen. Dofir wëlle mir eng multiprofessionell pedagogesch Ekipp an all Klassesall. Plus d'informations >

Neit Unisgesetz – PdL 7132

mercredi, 13 juin 2018

Mat dëser Reform gëtt kloer ënnerstrach dat d’Uni nëmmen ee Mëttel zum Zweck ass fir ekonomesch Nischen opzemaachen an ze fëllen. d’Uni soll no engem Konzept funktionéieren dat een Investissement an dräi Secteure virgesäit déi eng zesumme solle schaffen: Business, Recherche an Technologien,  an Héichschoulausbildung. Plus d'informations >

Neit Naturschutzgesetz (Projet de loi n° 7048)

mercredi, 16 mai 2018

Dofir! Obwuel et natierlech eng Rei Kritikpunkte ginn, stellt dëst Gesetz awer e Fortschrëtt am Beräich vum Naturschutz an eisen natierleche Liewensgrondlagen duer an dat ënnerstëtze mir. Mir hunn awer déi feelend Kohärenz a Konsequenz vun der Regierung kritiséiert. Fir wierklech effikassen Natur- an Ëmweltschutz kënnen ze maachen, mussen och aner Politikberäicher mat consideréiert ginn, wéi z.B. d’Landwirtschaft (z.B. den Asaz vu Pestiziden an intensiv Véihaltung), den Transport (z.B. den Tanktourismus) oder schiedlech Nischepolitiken (z.B. de Spacemining). Dat huet des Regierung net gemaach, wouduerch d’Wierksamkeet vun dësem Gesetz gréisstendeels verpuffe wäert. Plus d'informations >

Déi nei Patentbox: Eng “arme de défiscalisation massive”

vendredi, 23 mars 2018

Datt déi Patentbox géif déi privat Fuerschung an d'Entwécklung hei am Land undreiwen, sou wéi vun der Regierung behaapt, ass beschtefalls Wonschdenken. Well bei deene Steiervergënschtegunge muss d'Fuerschung net zwéngend hei am Land stattfannen, och Fuerschung aus dem Ausland kann dovunner profitéieren. Doriwwer eraus gëtt et guer keng Unhaltspunkten, datt eng Patentbox iwwerhaapt d’Fuerschung erhéicht. Plus d'informations >