Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3

vendredi, 15 décembre 2017

Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift.  Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Plus d'informations >

Pdl 6844 – Ofschafe vun der Préretraite-Solidarité

mardi, 14 novembre 2017

Mat dësem Gesetz gëtt e fortschrëttleche System ofgeschaaft, den et Leit, déi jorzéngtelaang ënner oft schwéiere Bedingunge geschafft hunn, erméiglecht huet e bësse méi fréi opzehale mat schaffen. Op dem Wee konnt d’Liewensaarbechtszäit vu verschiddene Salarié’en verkierzt an de Chômage bekämpft ginn. Déi Méiglechkeet gëtt mat dësem Gesetz einfach ofgeschaaft. Plus d'informations >

PdL 7074 – Reform vum Enseignement secondaire

jeudi, 27 juillet 2017

Dogéint! déi Lénk stëmmen géint dest Gesetz dat d'Weichen fir eng Zerstéierung vun der öffentlecher Schoul stellt! Et mecht Dieren grouss op fir d'Konkurrenz tëschend den Etablissementer vum Enseignement secondaire, an féiert zu enger Oppositioun tëschend Elteschoulen an "Pubellsschoulen". déi Lénk fannen dat den Zougang zu der schoulescher Ausbildung sollt demokratesch gereegelt sinn an d'Qualitéit vum Enseignement misst an allen Lycéen , souwuel am Technique général ewéi am Classique denen nemmlechten héigen Standarden gerecht ginn. Och d'Eennheetlechkeet vum Oofschlossdiplom muss preservéiert bleiwen an den nämmlechten Wäert unerkannt kréien... Plus d'informations >

PdL 7093 – Gesetz iwwer de Space Mining

samedi, 15 juillet 2017

Dogéint! déi Lénk refuséieren dëst Gesetz, wëll e fir Entwécklunge steet, déi mir net wëllen : de Broch anstatt d’Anhalung vu fortschrëttlechem internationale Recht, d’Konkurrenz anstatt d’Kooperatioun tëscht Staaten a Bevëlkerungen, d’Zerstéierung vun anstatt den nohaltegen Ëmgang mat de Ressourcen op der Äerd, d’privat Uneegnung an d’Kommerzialiséierung vu Ressourcen anstatt de verantwortlechen Ëmgang dermat am Sënn vun all de Mënschen.n. Plus d'informations >

PdL 7014 – Reform vun der Fleegeversécherung

mercredi, 12 juillet 2017

Dergéint ! Fir eis iwwerweit bei dësem Gesetz déi negativ Entwécklung, déi duerch d’Aféierung vun de Pauschalen op eis Fleegeversécherung kéint zoukommen. Hei huet d’Regierung ouni Nout e gudde System deelweis a Fro gestallt. Wann eng Reform vun der Fleegeversécherung tatsächlech néideg gewiescht wier, hätten déi Lénk se opgrond vun dësen 3 Prinzipien duerchgefouert: Plus d'informations >

PdL 7088 – Pollution atmosphérique

mercredi, 28 juin 2017

Enthalung! déi Lénk si mam Gesetz selwer d’accord, wëll et eng Verbesserung vun der Qualitéit vum Sprit virschreift. Den Däiwel läit awer am Detail an dee steet an engem règlement grand-ducal, iwwer dat d’Chamber net ofstëmme kann. Real Verbesserunge bei der Qualitéit vum Sprit a wierksame Klimaschutz sinn nëmme mat enger realistescher Berechnung vun der CO2-Intensitéit méiglech. Dee Berechnungsmodus misst dowéinst onbedéngt geännert ginn. Plus d'informations >