Enthalung! Als Lénk begréisse mer, datt d’Regierung op de Wee geet vun der Trennung vu Kierch a Staat geet. Haaptproblem ass och net d’Tatsaach, datt reliéis Communautéiten eng finanziell Ënnerstëtzung kréien (obwuel eis d’Zommen awer zolidd erschéngen), mee éischter datt déi aktuell Verfassung, déi mam Artikel 106 eng Obligatioun vum Staat virgesäit, fir d’Paschtouer-Paien ze bezuelen, net em- an ofgeännert gëtt. Ouni dës wichteg Ännerung bleift Trennung vu Kierch a Staat Wonschdenken.
Plus d'informations >