PdL 6868 – Publikatioun vun net-finanziellen Informatioune vu verschiddene groussen Entreprisen.

mercredi, 06 juillet 2016

Dogéint! D'Regierung hätt d'Méiglechkeet gehat, déi Direktiv vill méi restriktiv ze interpretéieren. Si hätt zum Beispill kéinten en nationalen Aktiounsplang a Saachen RSE entwéckelen (Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, dat nach keen huet). Et hätt een eng generell Obligatioun fir all Entreprise ab 200-300 Mataarbechter kéinten aféieren, fir esou e jäerleche Rapport ze maachen. Dat heescht, datt all Entreprise ab enger gewësser Gréisst sech muss e puer Gedanken iwwert nohalteg Entwécklung an hire sozialen Impakt maachen. Et hätt ee kéinten en eenheetleche Format virschreiwen, sou datt een déi eenzel Rapporte ka vergläichen an och fir eng gewëssen extern Kontroll suergen. Dat wär zumindest en Ufank vun enger fortschrëttlecher Politik gewiescht. Plus d'informations >

PdL 6975 – Reform vun de Studiebourssen

jeudi, 30 juin 2016

Enthalung! Mir begréissen zwar d’Ännerungen déi mat dësem Gesetz a Kraaft trieden, wieren awer gär méi wäit gaang. Besonnesch déi ze déif bourse de base gesi mir ganz kritesch, wëll et nämlech déi Bourse ass déi d’Autonomie (par rapport du den Elteren an och de Banken) assuréiert. Donieft bedauere mir och, dass d’Studiebourssen ënnert der aktueller Regierung virun allem als eng budgetär Laascht ugesi ginn an deementspriechend säit 2014 drastesch gekierzt goufen. Déi partiell Erhéijunge bleiwen och wäit ënnert dem, wat d’Regierung sech als finanzielle Spillraum ginn hat. Plus d'informations >

PdL 6832 – Reform vun de Familljenzoulagen

mercredi, 29 juin 2016

Dogéint! Dëst Gesetz ass - ënner dem Deckmäntelche vun der Gläichberechtegung vu Kanner - a Wierklechkeet e weidere Schrëtt vu Sozialofbau an ass en Deel vun där anti-sozialer Austeritéitspolitik vun der Regierung. Plus d'informations >

PdL 6940 – Bedeelegung um Kaf vun engem Militär-Tankfliger

mardi, 28 juin 2016

Dogéint! Lëtzebuerg bedeelegt sech mat dëser Investitioun un der Rüstungsspiral, déi d’Nato bedreift. Mir sinn der Meenung, dass d’Oprüstung keng Léisung ka sinn a just zu weidere Konflikter an Eskalatioune wäert féieren. Plus d'informations >

PdL 6983 – Baisse temporaire de la fiscalité lors de la vente de biens immobiliers.

mardi, 14 juin 2016

Contre! Cette mesure est injuste parce qu'elle favorise les grands propriétaires de biens immobiliers. Elle n'est pas efficace parce qu'elle ne donne aucune réponse à la pénurie de logements abordables au Luxembourg. Elle nous coûte potentiellement chère, tandis que les spéculateurs immobiliers continuent à se remplir les poches. Plus d'informations >

PdL 6923 – Ännerunge fir d’Chargéen am Secondaire

mardi, 14 juin 2016

Dofir! Och wa nach vill ze maache bleift, bréngt d'Gesetz awer eng Rei Verbesserungen. Plus d'informations >