déi Lénk begréissen de generelle Prinzip hannert dem Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv, dat Internet-Risen
à la Google, Youtube a Facebook den Auteur’en vu kreativem Contenu – also Zeitungen, Journalisten a Blogger’en - en faire Präis bezuele mussen, wann si Contenu vun dësen op hier Online-Plattforme verëffentlechen an domat vill Geld verdéngen. déi Lénk sinn awer der Meenung dass dat gewollte wirtschaftlecht Gläichgewiicht tëscht Kreativen a Mega Online Plattformen net iwwert de Wee vum Copyright duerf gereegelt ginn, well dat noutgedrongen eng Kontroll vun allen online Contenu’en (op Copyright-Konformitéit) mat sech bréngt, z.B. ënnert der Form vun automatiséierten
Upload Filteren.
Plus d'informations >