Pressekonferenz iwwer d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit

vendredi, 04 novembre 2016

Mam neie PAN-Gesetz verschäerft d’Regierung d’Flexibiliséierung vun der Aarbecht op Käschte vun de Salarié’en eng weider Kéier no 1999. Substantiell Géigeleeschtunge fir d’Salarié’en sinn net virgesinn, sou dass d’Betriber aus dëser Reform alt erëm als Gewënner ervirginn. Des Verschlechterung vun der Liewensqualitéit vun de Leit ass inakzeptabel. D’Aarbechtszäit muss endlech substantiell reduzéiert ginn, fir d’Salarié’en virun den ëmmer méi groussen Ufuerderungen an der Aarbechtswelt ze schützen. Plus d'informations >

Politesch Rentrée 2016

jeudi, 06 octobre 2016

Anescht Politik maachen, anstatt se just anescht z'erklären! Mat konkrete fortschrëttlechen Initiativë wëlle mir an den nächste Méint besser Perspektive fir d'Leit opzeechnen. De Fokus leeë mir dobäi weiderhin op d'Logementspolitik, wou mir virun allem op eng Stäerkung vun de Rechter vu Locataire wëllen hischaffen. Donieft wëlle mir eis bei den Themen Léin an Aarbechtskonditiounen - Stéchwuert Aarbechtszäitverkierzung - fir wierklech Verbesserungen zu Gonschte vun de Salarié'en asetzen. Wat eis Spriecher Carole Thoma a Gary Diderich zu weideren Themen, wéi d'Steierreform oder d'Fräihandelsaccord'en TTIP a CETA gesot hunn, kënnt dir hei kucken. Plus d'informations >

Bilan de la session parlementaire 2015/16

mardi, 19 juillet 2016

Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk hunn op enger Pressekonferenz den 19. Juli de Bilan vum parlamentareschen Joer 2015-16 gemaach. Den David Wagner huet ervirgestrach, dat déi Lénk déi eenzeg an der Chamber vertrueden Partei sinn, déi dem neoliberale Konsens an der Ënnerwerfegkeet géigeniwwer der Finanzplaz eppes entgéint setzt. Et hätt een sech net vill Hoffnungen gemaach, dat dës Regierung eng méi sozial Politik maache géif, seet den Marc Baum an weist op déi dräi grouss Protester (Studieboursen, TTIP an Sozial- a Fleegeberuffer) hin, déi et zanter dem Ufank vun der Legislaturperiod géint d’Politik vu Blo-Rout-Gréng gouf. Mat konkreten Virschléi an enger intensiver Aarbecht versicht déi Lénk den Betraffenen eng Stëmm an der Chamber ze ginn. Plus d'informations >

Verantwortung iwwerhuelen! – Lancement un eiser Logementscampagne

mardi, 19 janvier 2016

Die Wohnungspolitik in Luxemburg ist ein Desaster. Zu wenige Wohnungen und zu hohe Preise führen zu einem Wohnungsnotstand, zu Aussiedlung, zu wachsender Armut und übermäßiger Verschuldung. Parallel stehen Häuser leer, Luxusimmobilien boomen und Spekulanten kassieren Gewinne ein. Plus d'informations >

Neijooschpatt: D’Ried vum Marc Baum

vendredi, 15 janvier 2016

D'Neijooschried vun eisem Spriecher Marc Baum kënnt dir hei nach eng Kéier kucken a lauschteren. Plus d'informations >

Conférence de presse: avant-projet de loi sur la nationalité

jeudi, 12 novembre 2015