Wednesday, 19 February 2020

600 Milliounen Euro fir Nato-Fligeren

D’Bedeelegung vu Lëtzebuerg un der Finanzéierung vu NATO-Tankfligeren gëtt vun 172 Milliounen op 600 Milliounen Euro erop gesat. Den entspriechende Gesetzesprojet gouf just viru Chrëschtdag vum Arméisminister François Bausch deposéiert (PdL 7513).

Ronn 259 Milliounen ginn an de Kaf vun deene Fligeren investéiert, weider 340 Milliounen an de Betrib iwwer 30 Joer. Déi kaaften Airbus A330 MRTT wäerte net Lëtzebuerg gehéieren, mä der NATO. Sie wäerte an Holland immatrikuléiert an zu Eindhoven a Köln stationéiert ginn.

Am Summer 2016 hat d’Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng en éischt Gesetz gestëmmt, datt d’Finanzéierung vu sougenannten “Multi-Role Tanker Transport” decidéiert hat. Deemools war eng Enveloppe vun 172 Milliounen Euro iwwer 30 Joer gestëmmt ginn, déi elo soll mat deem heite Gesetz méi wéi verdräifacht ginn.

Oprëschtung stoppen!

D’Regierung huet ab 2014 decidéiert, den Arméisbudget konsequent ze erhéijen. Aktuell investéiert se ronn 390 Millioune Euro pro Joer an d’Militariséierung an dëse Budget klëmmt all Joer ëm ronn 30-40 Milliounen Euro. A wëll d’Regierung net méi weess, wou se déi vill Sue soll hi stiechen, keeft se sech bei internationalen Oprëschtungs-Programmer an.

déi Lénk fuerdert e komplette Stopp vun der geckeger Oprëschtungsspiral an eng radikal Kierzung vum Militärbudget. D’Welt gëtt net doduerch méi sécher, datt mer ëmmer méi Geld a Krichsmaterial investéieren. Eng Erhéijung vum Kooperatiounsbudget wär sécherlech e vill méi sënnvolle Beitrag zu enger méi friddlecher Welt.