Thursday, 12 May 2016

PdL 6857 – Agrargesetz/PDR

1)     Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëse Projet de loi gëtt dem Programme de développement rural (PDR) séng legal Basis. Den développement rural ass den zweete Pilier vun der Gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik (GAP) – den éischte Pilier setzt sech aus den Direktzuelungen un d’Bauerebetriber an den Instrumenter fir d’Gerance vum europäeschen Agrarmaart zesummen. De lëtzebuergesche PDR gëtt vun der Regierung en fonctioun vu bestëmmte Virgaben a Prioritéite vun der EU am Gebitt vum développement rural erstallt. E soll eng Analyse vun der aktueller Situatioun vun der Landwirtschaft beinhalten opgrond vun där eng Strategie mat konkrete Mesurë fir den Zäitraum 2014-2020 opgestallt gëtt. De Finanzement vum Programm kënnt a groussen Deeler vun der EU awer och aus dem nationale Budget. De PdL 6857 setzt de gesetzleche Kader fir d’Ëmsetzung vun dësem Programm.

2)     Wat ass wichteg?

De PDR gesäit an éischter Linn eng Rei vun Investitiounshëllefen an aner Subventioune fir Bauerebetriber vir. Am Géigesaz zum Virgänger sollen et an dësem PDR Plafong’en bei de subventiounsfähegen Ausgabe ginn, wat mir prinzipiell begréissen: d’Uschafung vun iwwerdriwwene Maschinnen oder Infrastruktur ka sou verhënnert ginn. Weider Hëllefe sinn e.a.  fir de Schutz vun der Biodiversitéit an der Ëmwelt (Waasser z.B.) a fir d’Biolandwirtschaft.
Och wa mir fir sou Hëllefen un d’Bauerebetriber sinn, sinn déi hei vun der Regierung proposéiert Mesuren awer sou schwaach an inkohärent, dass hir Wierkung gréisstendeels verpufft. Hëllefen am Kader vum Ëmweltschutz ginn ouni gréisser Oplagen un all Betriber ausgeschott. D’Bio-Landwirtschaft krit gehollef, mee net genuch fir dëse Secteur wierklech eeschthaft weiderzebréngen. D’Selektiounscritère bei den Investitiounshëllefen hu guer keng Lenkungswierkung an de Plafong ass éischter als eng weider Spuermoossnam ze gesinn, wéi dass et sech em eng Ënnerstëtzung fir kleng Betriber géif handelen, fir sou der Konzentratioun bei de Betriber entgéint ze trieden.

3)     Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dogéint!

Och wann d’lëtzebuergesch Agrarpolitik maßgeblech duerch den europäesche Kader bestëmmt gëtt, huet d’Regierung mat de verschiddene Subventiounen oder soss Mesuren eng gewësse Méiglechkeet d’Entwécklung vun der Landwirtschaft mam PDR an eng bestëmmte Richtung ze lenken. Dofir brauch een awer eng kloer Analyse mat de Stäerkten a Schwächte vun der aktueller Landwirtschaftspolitik op Basis vun där een dann eng Strategie mat kloren Zieler formuléiert. Dat mëscht d’Regierung mat dësem PDR awer net. Et fehlt däitlech u Konzepter a Kohärenz, aus der Analyse gi keng Schlëss oder wann, dann déi falsch, gezunn. Der aktueller Entwécklung – Konzentratioun vu Betriber, Intensivéirung vun der Produktioun, verstäerkt Ausriichtung op Mëllech- a Fleeschproduktioun mat allen negative Konsequenze – gëtt hannendru gelaf fir nëmme kengem op d’Féiss ze trëppelen. Spillraum fir eng méi nohalteg a sozial inklusiv Landwirtschaft, déi virun allem Produkter fir de lokale/regionale Marché produzéiert gëtt et awer.

Donieft gi mir ze bedenken, dass den aktuelle Liberaliséierungsdrock am Kader vun den Diskussiounen em Fräihandelsofkommen wéi TTIP oder CETA, e komplette Kontrollverloscht iwwer déi europäesch a lëtzebuergesch Agriculture ka bedeiten. Sollten des Accord’en a Kraaft trieden, brauch an Zukunft an der Chamber net méi iwwer Landwirtschaft diskutéiert ze ginn.

Dësen Text gouf mat 32 Stëmmen ugeholl, bei 26 Enthalungen (CSV an ADR) an zwou Géigestëmmen (vun déi Lénk).

All d’Dokumenter iwwer dëse Projet sinn HEI ze fannen.