Wednesday, 08 February 2017

Reform vum Immigratiounsgesetz (Projet de loi 6992)

1) Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz verlängert déi maximal Dauer vun der Abschiebehaft. Famille matt Kanner kënnen elo bis zu 7 Deeg an de Centre de rétention agespaart ginn, amplaz wéi bis elo just 3 Deeg. Op der anerer Säit gëtt mat dësem Gesetz en « Titre de séjour pour investisseurs » geschaf. Räich Persounen aus Net-EU-Länner, déi gewëssen Zommen zu Lëtzebuerg plazéieren, kënnen elo eng Openthaltsgenehmegung kréien, déi onbegrenzt erneierbar ass.

Dëst Gesetz leet och de Grondsteen, fir Lëtzebuerg zu engem Asylland fir Multinationalen ze maachen. Wann de Sëtz vun enger Multinational zum Beispill duerch eng Naturkatastrof zerstéiert gouf, sollen d’Mataarbechter direkt op Lëtzebuerg reesen dierfen, fir d’Geschäfter vun der Multinationale vun hei aus weider ze féieren. Donieft goufen och nach zwou EU-Direktiven ëmgesat: Eng Direktiv iwwer saisonal Aarbechter an eng Direktiv iwwert déi temporär Mobilitéit vu Employéen innerhalb vun enger Firma.

2)     Wat ass wichteg?

D’UN-Flüchtlingswierk, UNICEF oder och de Europarot weisen drop hinn, datt d’Abschiebehaft bei Kanner zu psychologeschen a physesche Schied féiert, zum Beispill zu Depressiounen an Angschtzoustänn, bis hin zu Symptomer vu posttraumateschem Stress. Dës Praxis géif dowéinst géint déi International Konventioun iwwert d’Rechter vum Kand verstoussen a misst gestoppt ginn. Mä amplaz d’Aspäre vu Kanner ganz ze verbidden a no Alternativen ze sichen, verschäerft d’Regierung nach d’Bedingungen, andeems se déi maximal Dauer vun 3 op 7 Deeg erop sëtzt.

Fir déi Räich aus der ganzer Welt ginn d’Konditiounen awer verbessert. Déi nei Openthaltsgenehmegung fir Investisseure schaaft quasi eng staatlech Diskriminatioun no Portemonnaie: De nigerianeschen Aarbechter, deen et bis eriwwer packt, gëtt an Handschelle rëm zréck geflunn. Dem nigerianesche Geschäftsmann dogéint gëtt de rouden Teppech ausgerullt. Wa vill räich Oligarchen aus aller Welt dëst neit Recht an Usproch huelen, wäerten d’Wunnengspräisser hei zu Lëtzebuerg réischt richteg explodéieren.

Problematesch sinn och d’Pläng, fir de Multinationale quasi en Asylrecht anzeraumen. Wann iergendwou eng Naturkatastroph ass, kënnen d’Mataarbechter vun enger Multinational innerhalb vun e puer Deeg eng Openthaltsgenehmegung zu Lëtzebuerg kréien. Déi einfach Leit, déi vun der selwechter Naturkatastrof betraff sinn, hunn dogéint net emol e Recht op Asyl, well Umweltflüchtlinge net vun der Genfer Flüchtlingskonventioun unerkannt sinn.

3)     Wei hunn déi Lénk gestemmt?

Dogéint! Abschiebehaft fir déi Aarm, de rouden Teppech fir déi Ultraräich: Dës selektiv Immigratiounspolitik ass einfach degoûtant an verstéisst géint all Wäerter, déi mer jo angeblech verteidegen.

D’Gesetz gouf mat de Stëmme vun CSV, DP, LSAP, déi Gréng an ADR ugeholl. déi Lénk hunn och eng gesënnert Ofstëmmung iwwert den Artikel III duerchgesat, deen d’Dauer vun der Abschiebehaft verlängert. Mä och do hunn all déi aner Parteien nach eng Kéier extra fir dës Mesure gestëmmt.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.