Wednesday, 28 November 2018

Verhalenskodex – Facebookgrupp “déi Lénk Engagéiert”

(1) Dëse Grupp ass keen offiziellt Organ vun déi Lénk. déi Lénk ass also net verantwortlech fir den Inhalt an d’Aussoen an dësem Grupp ;

(2) Perséinlech Attacken, Diskriminatioun op Grond vu sozialer Hierkonft, nationaler Ofstamung, Geschlecht an Alter hunn hei näischt verluer grad ewéi Sexismus an Homophobie;

(3) Fir den Encadrement vun dësem Grupp sinn 3 Administrateure zoustänneg: Gary Diderich, Sandra Laborier an de Jhang Krier;

(4) Persounen déi géint den 2. Punkt verstousse sollen den Administrateure gemellt ginn a kréie vun hinnen eng Verwarnung. Bei enger Widderhuelung kënnen si aus dem Grupp ausgeschloss a gespaart ginn;

(5) De Grupp ass prioritär do fir organisatoresch Saachen, fir sech informell auszetauschen, Informatiounen dezentral kënnen ze partagéieren. Politesch Diskussioune kënnen och am Grupp gefouert gi mee et ass wichteg ze iwwerléen op een dës net och „en personne“ an der Sektioun, am Bezierk an engem Aarbechtsgrupp oder an der NaKo sollt féieren;

(6) Bei Posts a Kommentaren ass et wichteg bsech op den politeschen Inhalt ze konzentréieren a vum Toun hier respektvoll a konstruktiv ze bleiwen;

(7) Länger Diskussiounen ënnert engem aggressive Post verhënneren andeems een der Persoun virschléit si privat iwwer Messenger ze kontaktéieren. Falls d’Persoun refuséiert, solle weider Kommentaren evitéiert ginn ;

(8) Allgemeng soll gëlle kee Feier op d’Ueleg ze schëdde falls eng Persoun hir Roserei oder Onzefriddenheet an engem Kommentar ausdréckt an net oppe schéngt fir eng méi konstruktiv Diskussioun wëllen ze féieren. Hei Diskussioun am beschten net weider féieren ;

(9) „déi Lénk Engagéiert“ ass ee private Grupp. Nei Membere kënnen op Ufro an op Consultatioun vun den Administrateuren an de Grupp opgeholl ginn;

(10) Tagge vun eenzele Persoune soll sou gutt et geet evitéiert ginn, fir ze evitéieren dat onmoosseg Notifikatiounen un d’Leit geschéckt ginn, déi Drock ausüben an den droit à la déconnexion a Fro stellen;

(11) Demanden un eenzel Persoune solle wa méiglech iwwer privat Messagen oder aner Kommunikatiounsweeër adresséiert ginn;

(12) D’Organisatioun vun Aktiounen a konkret politesch Demarchë kënnen an dësem Grupp zwar lancéiert an affichéiert ginn, mee net am Numm vun déi Lénk ëmgesat ginn. Falls Bedarf do ass eng ëmfangräich Aktioun am Numm vun déi Lénk ze starten, soll dës iwwer aner Reseau’en verlafe wéi zum Beispill BUCO an Aarbechtsgruppen. Bei Bedarf kann och de Staff iwwer E-Mail sekretariat@dei-lenk.lu informéiert ginn;