Wednesday, 28 November 2018

Wéi fonctionnéieren déi Lénk?

Wéi bei all Organisatioun ginn déi wichteg politesch Entscheedunge fir d’Joer op engem Kongress geholl, op dem all Member an all Memberin stëmmberechtegt ass. SympathisantInne kënnen um Kongress deelhuelen an och d’Wuert ergräifen, mee sinn net stëmmberechtegt. All Interesséierten ass awer och wëllkomm um Kongress.

De Kongress wielt all Joer eng National Koordinatioun, kuerz d’NaKo. Dëst Gremium ass zueleméisseg onbegrenzt an all Member a Memberin ka fir d’National Koordinatioun kandidéieren. Dëst Organ féiert déi Lénk dat ganzt Joer iwwer, hëlt déi wichteg politesch a finanziell Entscheedungen. Och d’Deputéiert si Member vun der NaKo a stëmmen sech bei wichtege Froe mat dësem Gremium of. D’National Koordinatioun setzt thematesch Aarbechtsgruppen an, déi de Programm vun déi Lénk verdéiwen a soss Initiativen ausschaffen. Donieft sollen och déi lokal Sektiounen an der NaKo reegelméisseg präsent sinn a Bericht erstatten, wann et dann als néideg empfonnt gëtt.

Dat alldeeglecht politescht Liewen an déi Lénk gëtt vum Koordinatiounsbüro, kuerz BuCo, koordinéiert. Dëst Gremium besteet aus maximal 9 Memberen aus der NaKo. Hei gi wöchentlech organisatoresch, finanziell an administrativ Froe gekläert an d’politesch Aktualitéit gëtt suivéiert a kommentéiert (Pressekonferenzen, Pressematdeelungen asw.). De BuCo ass och de Chef vum Personal vun déi Lénk. Dat Personal besteet aktuell aus zwou Persounen, d’Corinne Saghuber an den Eric Weirich.

Donieft gëtt et d’Vertriedung vun déi Lénk an der Chamber. Dat sinn aktuell de Marc Baum an den David Wagner. 3 Persoune schaffe fir sie, d’Line Wies, de Marc Keup an de Steve Biver. Dëse Grupp schafft prioritär fir d’parlamentaresch Aarbecht, mee ass awer och bei aneren Aktiounen, Themen, Aufgaben an déi Lénk präsent an hëlt och un de Versammlunge vum BuCo an der NaKo deel.

All déi Punkte sinn och an de Statute vun déi Lénk esou festgehalen.