Léif Wielerin, léiwe Wieler,
Mir hu mat eisem Walprogramm an eiser Lëscht eng offensiv Walcampagne gefouert, déi sech kloer vum Rescht vun de Parteien ënnerscheed.
Mam Slogan “Eist Liewen. Net hir Profitter” hu mer ervirgestrach, wourëm et geet.
Mir huelen d’Europawalen eescht. Am Europa-Parlament ginn déi Politik-Inhalter fir d’éischt diskutéiert, déi an de Joren drop an der Chamber ugeholl ginn. An déi maachen deen allergréissten Deel vun de Gesetzprojeten aus!
An Europa kann een eppes erreechen a muss een eppes erreechen. Grat wann ee kritesch ass. A nëmme wann ee kritesch ass.
D’Europa-Parlament gouf bis elo ëmmer vun enger Koalitioun vu Konservativen a Sozialdemokraten dominéiert. Mir wëlle weder eng Stäerkung fir déi Koalitioun nach eng Stäerkung vun der liberaler Rietspartei a vum Macron. CSV, LSAP oder DP hu matgehollef, dat neoliberaalt Europa opzebauen, dat mer haut kennen an dat fir massive soziale Misär an d’Erëmkommen vun de rietsextremen a faschistesche Bewegungen an Europa verantwortlech ass.
An dass eng Stëmm fir déi Gréng och keng Stëmm fir eng wierklech Verännerung ass, dat gesi mer mat dëser Regierung besonnesch däitlech.
Suergt derfir dass déi Parteien, déi di aktuell Entwécklung verschëllt hunn, net weiderhin ënnert sech bleiwen. Setzt hinnen en Oppassert dohinner!
Nëmme wann déi Lénk virun den ADR kommen, hu se Aussiicht op e Reschtsëtz. Eng Stëmm fir déi Lénk ass duerfir och eng Stëmm géint Riets!
Denkt also e Sonnden drun, de Krees ze schwäerzen iwwert der Lëscht 5 – déi Lénk – European Left.