PdL 6975 – Reform vun de Studiebourssen

Thursday, 30 June 2016

Enthalung! Mir begréissen zwar d’Ännerungen déi mat dësem Gesetz a Kraaft trieden, wieren awer gär méi wäit gaang. Besonnesch déi ze déif bourse de base gesi mir ganz kritesch, wëll et nämlech déi Bourse ass déi d’Autonomie (par rapport du den Elteren an och de Banken) assuréiert. Donieft bedauere mir och, dass d’Studiebourssen ënnert der aktueller Regierung virun allem als eng budgetär Laascht ugesi ginn an deementspriechend säit 2014 drastesch gekierzt goufen. Déi partiell Erhéijunge bleiwen och wäit ënnert dem, wat d’Regierung sech als finanzielle Spillraum ginn hat. Plus d'informations >

PdL 6832 – Reform vun de Familljenzoulagen

Wednesday, 29 June 2016

Dogéint! Dëst Gesetz ass - ënner dem Deckmäntelche vun der Gläichberechtegung vu Kanner - a Wierklechkeet e weidere Schrëtt vu Sozialofbau an ass en Deel vun där anti-sozialer Austeritéitspolitik vun der Regierung. Plus d'informations >

PdL 6940 – Bedeelegung um Kaf vun engem Militär-Tankfliger

Tuesday, 28 June 2016

Dogéint! Lëtzebuerg bedeelegt sech mat dëser Investitioun un der Rüstungsspiral, déi d’Nato bedreift. Mir sinn der Meenung, dass d’Oprüstung keng Léisung ka sinn a just zu weidere Konflikter an Eskalatioune wäert féieren. Plus d'informations >

PdL 6983 – Temporär Steiererliichterung beim Verkaf vun Immobilien.

Tuesday, 14 June 2016

Dogéint! Mir sinn der Meenung, dass des Mesure, ongerecht ass, wëll virun allem grouss Immobiliebesëtzer dervu profitéieren, net efficace ass, wëll se absolut keng Äntwert op d’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg gëtt an net zur Schafung vu bezuelbarem Wunnraum bäidréit, eis potentiell vill Geld kaschte kann, während d’Immobilienspekulante sech d’Täsche weider vollstiechen. Plus d'informations >

PdL 6923 – Ännerunge fir d’Chargéen am Secondaire

Tuesday, 14 June 2016

Dofir! Och wa nach vill ze maache bleift, bréngt d'Gesetz awer eng Rei Verbesserungen. Plus d'informations >

PdL 6675 – Reform vum SREL

Monday, 13 June 2016

Dogéint! Geheimdéngschter sinn e Friemkierper an der Demokratie, wëll se gesellschaftlech Entwécklungen a Meenungen mat intrusive Mëttelen ënnersichen, wëll se Eegendynamiken entwéckelen a soumat net wierklech vum Parlament kontrolléiert kënne ginn. Plus d'informations >