Schléissung vu 35 Postbüroen: de service universel gëtt a Fro gestallt.

Wednesday, 09 December 2015

Mär bedaueren dass mat der Décisioun, fir 35 vun 97 Postbüroen zouzemaachen, eng vun de Viraussetzunge vum service universel - zu deem d’Postbüroe misste gehéieren - a Fro gestallt gëtt: nämlech Prestatiounen an allen, och ländleche Gebidder unzebidden, ouni Grënn vun economescher Rationalitéit dobäi dierfen unzeféieren. Plus d'informations >

Serge Urbany: Zukunftsentwécklung

Thursday, 03 December 2015

Interventioun vum Serge Urbany zu der Interpellatioun iwwer Zukunftsentwécklung zu Lëtzebuerg Plus d'informations >

D’Zukunft vun der Eurozone an de Bericht vun de 5 Präsidenten – Question élargie vum Serge Urbany

Wednesday, 02 December 2015

De Serge Urbany huet virun der Summerpaus eng Interpellatioun an der Chamber zur Zukunft vun der Eurozon an zum sougenannte 5-Präsidentebericht ugefrot. Des ass awer vun de 4 Fraktiounen zu enger question élargie ëmgewandelt ginn, wouduerch verhënnert gëtt, dass eng Debatt iwwer dat wichtegt Thema ka stattfannen. De 5 Präsidente-Bericht gëtt awer deelweis schonn an d'Praxis ëmgesat.   Plus d'informations >

Den David Wagner iwwert d’politesch Orientéierung an den Aktiounskader a Saachen Klima an Energie.

Friday, 20 November 2015

D' 21. Joerhonnert schéngt wierklech eent ze sinn, wou d’Mënschheet sech gréissere Geforen aussetzt. Geforen déi een hätt kéinten evitéieren! Plus d'informations >

Motioun vun déi Lénk iwwer CETA: Privat Schiedsgerichter aus dem Accord raushuelen!

Wednesday, 18 November 2015

Et ass ondenkbar, datt mer elo sollen e CETA ëmsetzen, an deem nach déi al Bestëmmungen iwwert déi privat Schiedsgeriichter dra sinn. Dat ass eng Fro vu Kohärenz a géif virun allem e geféierleche Präzedenzfall schafen. Plus d'informations >

Den David Wagner iwwer de Bilan vun der Kooperatiounspolitik

Tuesday, 17 November 2015

D’Kooperatiounsdebatt an dësem Plenum zeechent sech duerch 2 Saachen aus. Éischtens gëtt se, leider, vun der Ëffentlechkeet net ëmmer esou wouergeholl wéi sech dat gehéiere géif. Dat ass schlecht, well et geet hei net nëmmen em « Kooperatioun », mee em d’Verhältnes tëscht Nord a Süd, tëscht Räich an Aarm, tëscht Selwerbestëmmung an Ofhängegkeet. Do gëtt sech decidéiert tëscht Honger oder Wuelstand, tëscht Krich oder Fridden, tëscht seng Famill a säi verloossen oder do bleiwen wou een am léifsten ass. Plus d'informations >