Klimaplang: D’Leit solle lo déi Rechnung bezuelen, déi déck Verschmotzer geschriwwen hunn.

Friday, 20 December 2019

-55% beim Ausstouss vun Zäregase bis 2030 ass just eng plakeg Zuel, wann een net weess, wéi dat soll zur Realitéit ginn. Fir déi Lénk muss d'Ambitioun vum Klimaplang an de Mesure leien an do hapert et zolidd. Konkret Virschléi ginn et ganz wéineg a wann mol een dran ass, da gëtt domat déi Politik weider gemaach, déi och bis elo feelgeschloen ass. D'Privatkapital an Entreprise gi mat allméigleche Mëttele gelackelt an aus der Verantwortung gehalen, all eenzele Bierger gëtt awer individuell responsabel gemaach a muss blechen. Déi geplangten CO2-Steier féiert dozou dass e Stot 200€ a méi fir d'Hëtze vum Haus muss bezuelen, ouni dass bis elo kloer ass, wéi déi betraffe Leit finanziell kompenséiert ginn. Wuessend Ongläichheeten a Widderstänn an der Gesellschaft géint Klimaschutz sinn d'Konsequenz. D'Ried vum David Wagner, weider Infos an eis Virschléi iwwer de Rentefong, de Google-Datazenter an eng sozial an ekologesch Approche bei der energetescher Sanéierung vu Wunnhaiser fannt dir hei -> Plus d'informations >

Logementskris: Net weider just nokucken, mee maachen! – Eis Virschléi an der Chamber

Wednesday, 11 December 2019

No laangem Waarden an nodeem des Debatt widderhuelt no hanne geréckelt gouf war et den 10. Dezember esou wäit. D'Regierung hat den allerklengste gemeinsamen Nenner fonnt an dunn huet dierfen diskutéiert ginn, alt erëm iwwer de Logement. déi Lénk hunn am Virfeld schonn erkläert firwat de Pacte Logement 2.0 an hiren Aen net op der Héicht vum Problem ass a méi wäitgoend konkret Virschléi gemaach wéi een d'Logementskris iwwer déi nächst Joren an de Grëff kréie kéint. An dëser Debatt hu mir eng Rei vun dëse Virschléi an der Chamber zur Debatt an zur Ofstëmmung gestallt. Mir hu 5 Motiounen eraginn, déi eng kloer Stoussrichtung hunn: Net weider einfach just nokucken, Staat a Gemenge mussen d'Saach an d'Hand huelen.   Plus d'informations >

Spekulatioun: Transparenz schafen iwwer d’Aktivitéite vun Immobiliefongen a -gesellschaften.

Thursday, 21 November 2019


Le vote sur CETA prochainement à la Chambre !

Friday, 15 November 2019

Le projet de loi avec lequel le Luxembourg adoptera l'accord de libre-échange CETA a été déposé en juillet 2019. Les partis de la majorité essayeront très probablement de faire passer l'accord en silence avant noël. Ils préfèrent oublier que 5000 personnes sont descendues dans les rues il y'a 3 ans pour dénoncer ce genre de politique commerciale. Plus d'informations >

Motion: Occupation par la Turquie de la Syrie du Nord

Friday, 25 October 2019

déi Lénk hunn an der Chamber mat enger Motioun d'Regierung opgefuerdert der illegaler Invasioun vun der Tierkei am Norde vu Syrien net just ma Symbolpolitik entgéint ze trieden. D'Regierung soll sech e.a. dofir asetzen, dass keng Waffe méi un d'Tierkei verkaf ginn, dass Peacekeeping Zaldoten am Kader vun enger UN-Missioun do stationéiert gi fir ze verhënneren, dass déi lokal Bevëlkerung nach méi a Matleedenschaft gezu gëtt wéi elo schonn de Fall. Donieft hu mir och gefuerdert, dass d'Regierung hiren Ambassadeur zu Ankara zréckrifft. D'Motioun gouf mol eng Kéier net ofgelehnt a soll elo an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert ginn. Plus d'informations >

Accords de Partenariat Economique: Nee zu neokolonialistesche Wirtschaftsaccord’en!

Thursday, 17 October 2019

Dee ganze Projet vun de faméisen Accords de Partenariat Economique kann een eigentlech just als neokolonialistesch bezeechnen. Et ass Paradebeispill dofir, wéi räich Industrielänner hir Interêten récksiichtslos géigeniwwer vun den Entwécklungslänner imposéieren. Plus d'informations >