Motion demandant exclusion de toute possibilité de rétention d’enfants ou de mineurs dans une structure fermée.

Thursday, 10 October 2019

Et gi Saachen, déi dierft et net ginn. Zu Lëtzebuerg gi Kanner a Mannerjäreger op der Flucht ouni Begleedung a geschlosse Strukturen oder an engem centre de rétention ënnerbruecht. déi Lénk hu gëschter eng Motioun deposéiert déi d’Regierung opfuerdert, all méiglech Mesuren ze treffe fir ze verhënneren, dass dat weiderhi geschitt. Plus d'informations >

Lag vum Land: Ried vum Marc Baum

Thursday, 10 October 2019

D'sozial Ongläichheeten, d'Wunnengsnout an d'Klimakris a wéi déi Saache matenee verbonne sinn a bekämpft kënne ginn. Dat war den Inhalt vum Marc Baum senger Ried iwwer d'Lag vum Land an d'Reaktioun vun déi Lénk op e Premierminister den een Dag méi fréi ouni Iddi'en a konkret Mesurë virun d'Chamber getruede war. Plus d'informations >

Dunkelkammer spaceresources: Entscheidende Fragen bleiben offen.

Monday, 23 September 2019

Im Mai dieses Jahres unterzeichnete die Regierung ein Space-Abkommen mit den USA. Dieses sogenannte Memorandum of Understanding (MoU’s) bleibt, so wie ähnliche Abkommen mit 7 anderen Staaten geheim. Über die politische und finanzielle Tragweite dieser MoU’s bleiben das Parlament und die Öffentlichkeit also im Dunkeln. Die lückenhaften Antworten der Regierung auf unsere parlamentarischen Anfragen tragen nicht zu größerer Transparenz bei. Plus d'informations >

Schutz vun de Locatairen – D‘Gesetzpropositioune vun déi Lénk endlech diskutéieren !

Wednesday, 11 September 2019

De Problem vun der Wunnengsnout gëtt ëmmer méi schlëmm. D’Zuelen déi reegelméisseg vum „Observatoire de l’Habitat“ a vum Statec publizéiert ginn, bestätegen, wat e groussen Deel vun der Bevëlkerung feststelle muss: eng korrekt a bezuelbar Wunneng ze fannen ass zu engem Luxus ginn an dréit zur Veraarmung vun ëmmer méi Leit bäi. Plus d'informations >

Solle Gemenge Bauterrain um Privatmarché verkafen? Nee, se solle Wunnengen drop bauen!

Thursday, 04 July 2019

D'Präisser fir Bauterrain am Süden an Zentrum leie bei ronn 100.ooo€ den Ar, an der Stad oft no bei 200.000€. D'Gemengen hu selwer nëmme 6% vum verfügbare Bauterrain zu Lëtzebuerg, mee se notze mol déi Plaz net fir gënschteg Wunnengen ze bauen! Dat ass de Cocktail dee Wunnen zu Lëtzebuerg fir ëmmer manner Leit méiglech mécht. D'Gemenge mussen hir sozial Verantwortung iwwerhuelen, hir Terrainsreserven opbauen an endlech selwer gënschteg Wunnengen an Eegeregie bauen. Plus d'informations >

5 Mol méi Bio a 5 Joer? Kleng Reforme ginn net duer, et brauch e wierklechen Ëmbroch.

Wednesday, 03 July 2019

An der Orientéierungsdebatt iwwer d'Bio-Landwirtschaft hunn déi Lénk sech an éischter Linn op déi sozial Grondlage vun der Agrikultur an der landwirtschaftlecher Produktioun fokusséiert. Stéchwuert Präis vum Akerland, Stéchwuert Aarbechtsbedingungen am Secteur. Plus d'informations >