Aussepolitesch Ried vum David Wagner

Friday, 22 March 2019

Multinationalen an Oligarche mussen endlech méi Steiere bezuelen. D'Regierung spillt hinne mat hirer egoistescher Nischepolitik a Steierfroen an d'Hänn a suergt mat dofir, dass et an Europa um néidege Geld feelt fir eng staark an universell sozial Ofsécherung ze garantéieren an eng aktiv Klimapolitik am Interesse vun de Leit ze maachen. Plus d'informations >

Endlech eng fundamental Reform vum Stage am Fondamental ?!

Wednesday, 20 March 2019

déi Lénk hu virun engem gudde Mount eng Debatt iwwer d‘Reform vum Stage fir d’Enseignant’en am Fondamental. Scho virun engem Joer, haten déi Lénk iwwer e gemeinsame Communiqué mat der Gewerkschaft SEW erausginn, wou si iwwer d‘Absurditéite vum Stage opmierksam gemaach hunn, an dat am Kontext vun enger historescher Penurie u Léierpersonal am Enseignement Fondamental. Plus d'informations >

Fonds du Logement: 2% vum Bauterrain an 133 Wunnengen d’Joer. Dat muss méi ginn!

Wednesday, 13 March 2019

An der Aktualitéitsstonn iwwer de Fonds du Logement huet den David Wagner de Fanger an d’Wonn geluecht: Nëmmen 2% vum verfügbare Bauterrain zu Lëtzebuerg gehéiert dem Fonds du Logement, nëmmen 10% gehéiere Staat, Gemengen an engem vun den zwee ëffentleche Promoteuren, SNHBM (2%) a Fonds du Logement (2%). De ganze Rescht gehéiert Privaten, wouvunner de Gros am Besëtz vun enger ganz klenger Minoritéit vu Groussgrondbesëtzer a vun décke Promoteuren an hire spekulative Fongen ass. Plus d'informations >

Free Tilly

Wednesday, 20 February 2019

Statement der beiden déi Lénk Abgeordneten David Wagner und Marc Baum zur Festnahme der grünen Europaabgeordneten Tilly Metz. Plus d'informations >

Space Mining: Kapitalismus ouni Grenzen an internationale Rechtsbroch.

Friday, 01 February 2019

D'Verloschter vun ëffentleche Gelder bei Investitiounen an de sougenannte new space sinn net d’Ausnamen, mee d’Reegel vun enger héichspekulativer Finanz- an Industrienischen, déi riskéiert Milliarden a Milliarden ëffentlech Gelder ze friessen a Fuerschungsgelder am allgemengen Interesse fir kommerziell a militäresch Interesse vun e puer Räichen a Mächtegen ze detournéieren. Dat ass jo och schonn sou am Gaang ze geschéien. Plus d'informations >

Pressekonferenz : déi Lénk stellen hir Fuerderungen un d’Koalitiounsparteien

Thursday, 08 November 2018

déi Lénk wëllen d'Koalitiounsverhandlunge kritesch a konstruktiv verfollegen. Dofir hu mir op enger Pressekonferenz eis Fuerderunge matgedeelt déi onbedéngt misste vun der neier Regierung ëmgesat ginn. Plus d'informations >