Motion demandant la gratuité des transports publics

Monday, 18 December 2017

Am Kader vun de Budgetsdebatten 2018 hu mäer eng Initiativ geholl fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze fuederen. Plus d'informations >

Budget: Ongesond (Steier)Nischen a feelend Zukunftsinvestitiounen

Thursday, 14 December 2017


Motion relative aux salariés de Luxtram S.A.

Thursday, 14 December 2017

Am Kader vun de Budgetsdebatten hunn déi Lénk mat enger Motioun gefuedert, dass bei LUXTRAM kee Loundumping dierft bedriwwe ginn an d'Salairen an d'Aarbechtsbedingungen dene vun der fonction publique missten ugepasst ginn. Plus d'informations >

David Wagner – Bilan vun der COP23

Wednesday, 29 November 2017

Bescheiden: Sou kann een d'Resultater vun der COP23 nenne wann een optimistesch ass. Technesch Froe fir d'Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes sollten do gereegelt ginn a konkret erauskomm ass schlussendlech just d'Grënnung vun enger ganzer Rei vu Berodungsgremien. Vill vun eis kennen dat jo aus dem Alldag: Wann een sech net eens gëtt oder keng Decisioun wëll huelen, da grënnt een einfach mol e puer Aarbechtsgruppen. Plus d'informations >

Debatt iwwer de Rapport « The third Industrial Revolution Strategy »

Thursday, 16 November 2017

Dat zentraalt Uleies vum Rapport ass et de kapitalistesche Wirtschaftsmodell weider z’entwéckelen an dësen an Aklang mat ekologesche Contrainten (Klima, Ëmwelt...) wëllen ze bréngen. An dëse Modell soll weider op engem méiglechst héije Wuesstem baséieren. Fir dass dat geléngt, gëtt massiv an eesäiteg op technologesch Entwécklunge gesat (Internet of Things z.B.), fir mat der sou gewonnener Effikassitéit (alles geet méi séier) weider u Produktivitéit ze gewannen. De Mënsch mat senger Kreativitéit a senger Aarbechtskraaft spillt doran eng verschwindend kleng Roll. Froen iwwer d’Verdeelung vum Räichtum a vu Muecht ginn net thematiséiert. Plus d'informations >

Interpellatioun iwwer d’liberté d’expression

Wednesday, 15 November 2017

Dem David Wagner séng Ried am Kader vun enger Interpellatioun iwwer d'liberté d'expression zu Lëtzebuerg. Plus d'informations >