PdL 6675 – Reform vum SREL

Monday, 13 June 2016

Dogéint! Geheimdéngschter sinn e Friemkierper an der Demokratie, wëll se gesellschaftlech Entwécklungen a Meenungen mat intrusive Mëttelen ënnersichen, wëll se Eegendynamiken entwéckelen a soumat net wierklech vum Parlament kontrolléiert kënne ginn. Plus d'informations >

PdL 6973 – Modifikatiounen un der Organisatioun vun der Justiz

Wednesday, 08 June 2016

Dofir! Mir ginn awer ze bedenken, dass déi wuessend Zuel vu Litigen an déi doduerch entstoend Aarbecht fir d’Justiz ganz vill op kleng Drogendelikter zréckzeféiere sinn. Mir hu scho widderhuelt fir eng manner repressiv Drogepolitik plädéiert. Plus d'informations >

Regierungsmotioun verhënnert CETA net.

Wednesday, 08 June 2016

„De CETA ass keen einfachen Handelsaccord wou just Tariffer oder technesch Normen ugepasst ginn, genau sou wéineg wéi den TTIP oder déi aner Fraïhandelsverträg vun der neier Generatioun. Déi zwee Accord’en kann a muss een an engem Otemzuch nennen, well se der selwechter Philosophie entsprangen an vergläichbar Dispositiounen hunn. Et sinn ëmfangräich Vertragswierker, déi sämtlech ökonomesch Beräicher erfaassen an dorobber ofzilen, eng ultraliberal Uerdnung a Steen ze meesselen.“ Plus d'informations >

PdL 6948 – Readmissiounsaccord mam Kasachstan

Wednesday, 08 June 2016

Dogéint! Réckféierungsofkommesse si generell kontestéiert, well se Deel si vun enger Strategie sinn, déi d’Verantwortung fir d’Asyl- a Wirtschaftsmigratioun op aner Länner dréckt, dat heescht op eng Externalisatioun vun der Migratiounspolitik ofzielt. Besonnesch problematesch sinn se awer, wann se mat Länner ofgeschloss ginn, déi d’Mënscherechter oder d’Genfer Flüchtlingskonventioun net respektéieren. Am Fall Kasachstan schwätzen d’UN-Berichter do eng kloer Sprooch. Donieft sinn an dësem Ofkommes och am Detail keng Garantien a Saache Mënscherechter virgesinn, wéi se a vergläichbaren Accorde mëttlerweil Standard sinn. Plus d'informations >

PdL 6857 – Agrargesetz/PDR

Thursday, 12 May 2016

Dogéint! Och wann d’lëtzebuergesch Agrarpolitik maßgeblech duerch den europäesche Kader bestëmmt gëtt, huet d’Regierung mat de verschiddene Subventiounen oder soss Mesuren eng gewësse Méiglechkeet d’Entwécklung vun der Landwirtschaft mam PDR an eng bestëmmte Richtung ze lenken. Dofir brauch een awer eng kloer Analyse mat de Stäerkten a Schwächte vun der aktueller Landwirtschaftspolitik op Basis vun där een dann eng Strategie mat kloren Zieler formuléiert. Dat mëscht d’Regierung mat dësem PDR awer net. Et fehlt däitlech u Konzepter a Kohärenz, aus der Analyse gi keng Schlëss oder wann, dann déi falsch, gezunn. Plus d'informations >

PdL 6917 – Creatioun vun enger réserve de marché am Kader vum europäeschen Emissiounshandel

Wednesday, 11 May 2016

Dogéint! Engersäits gëtt mat der Creatioun vun der Reserve de Problem net geléist an éischter an d’Zukunft verlagert. Den Europäeschen Emissiounshandel bleift wierkungslos, d’Äerderwäermung gëtt esou net gebremst ginn. Anerersäits stelle mir d’Wierksamkeet vu Maartinstrumenter beim Kampf géint de Klimawandel grondsätzlech a Fro. Duerch sou Instrumenter gëtt de Klimaschutz ofhängeg vu mächtegen Entreprisen a Spekulanten, d’Klima gëtt zur Wuer, mat där ee vill Geld ka verdéngen. Plus d'informations >