Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) – Projet de loi 6861

Tuesday, 20 March 2018

Duerfir ! Dëst Gesetz ass noutwenneg a längst iwwerfälleg. Et schaaft de Kader, datt eist Rettungswiesen och an Zukunft professionell funktionéiere kann an domadder den Erausfuerderunge vun der Sécherheet vum Land a senge Leit gewuess ass. Plus d'informations >

Projet de Loi 7129 – Convention 169 de l’OIT

Tuesday, 27 February 2018

Dofir! Dëse Projet ass dann och eestëmmeg ugeholl ginn. déi Lénk huet bei dëser Geleeënheet och nach eng Motioun deposéiert, fir datt Lëtzebuerg och nach aner wichteg Konventioune vun der OIT ratifizéiert. Dës Motioun ass schlussendlech un déi zoustänneg Kommissioun weider geleet ginn. Plus d'informations >

PdL 7008 – Prostitutioun

Thursday, 08 February 2018

Dogéint! Déi verschidde repressiv Mesuren déi dëse Gesetzesprojet fërdert fir soi-disant géint de Mënschenhandel zu sexuellen Zwecker an de Proxenitismus unzekämpfen, stellt eng lëtzebuergesch Haltung zu der Prostitutioun duer, déi op eng plus ou moins verstoppte Manéier eng repressiv Politik géint Prostituéiert an hir Client’en ënnerstëtzt.   Plus d'informations >

Neie Spidolsplang (Projet de loi 7056)

Wednesday, 07 February 2018

Enthalung. De Projet a senger éischter Versioun hätt vun déi Lénk en Nee bedeit, wëll verschidde wichteg medezinesch Beräicher sou staark zentraliséiert sollte ginn, dass d’Bedingunge fir vill Patiente méi schlecht gi wieren. No enger Rei Nobesserunge gesäit d'Gesetz keng grondleeënd Verschlechterunge méi vir, mat Ausnam vun der Limitatioun bei de Spidolsbetter, déi potentiell  Schwieregkeete kéint mat sech bréngen. Eng positiv Neierung ass fir eis awer d’Stäerkung vun der demokratescher Gestioun vun de Spideeler. Mir kritiséieren awer weiderhin, dass d’Gesondheet ëmmer méi zur Wuer gëtt. Des Entwécklung gëtt vun dësem Gesetz leider net a Fro gestallt (Bsp. d'Entwécklung vun de Privatlaboen). Plus d'informations >

Pdl 7060 – Upassung vu verschiddenen extraordinäre Congésdeeg

Friday, 15 December 2017

Ouni Begeeschterung : duerfir. Verschiddene gudden Ännerungen, stinn awer punktuell Verschlechterunge géigeniwwer. Am grousse Ganzen iwwerweien awer d’Verbesserungen, déi besonnesch jonke Famillje mat Kanner ze gutt kommen. Mee et ass kee grousse Worf an d’Fuerderung fir de legale Mindestcongé vu 25 op 30 Deeg an d’Lut ze setzen, bleift weiderhin top aktuell. Plus d'informations >

Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3

Friday, 15 December 2017

Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift.  Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Plus d'informations >