PdL 7047 – Ännerung vum Waassergesetz

Wednesday, 28 June 2017

Enthalung! Mir stëmmen de Mesurë fir d’Waasserquailitéit ze verbesseren zou, mee mir hunn awer e grondleeënde Problem mat der Laaschteverdeelung bei den Investitiounen an d‘(Of)Waassernetz. Soulaang de Käschtendeckungsprinzip am Gesetz steet, kann déi Laaschteverdeelung net gerecht sinn. Plus d'informations >

PdL 6938 – Ausweitung vum Ausnamezoustand an d’Verfassung

Thursday, 01 June 2017

Dergéint ! Näischt ass Terroriste méi verhaasst wéi déi fräiheetlech Demokratie. Dëst hunn Anders Breivik an IS gemeinsam. Als Reaktioun op esou grujeleg Attacken, de Rechtsstaat ausser Kraaft setzen, ass genee dat, wat sie erreeche wëllen. Plus d'informations >

PdL 7103 – Comptes de paiement

Thursday, 01 June 2017

Fir déi Lénk ass dës Ëmsetzung symptomatesch fir eng Regierung, déi Wirtschafts- a Finanzpolitik just vun uewen no ënne plangt an déi onfäheg ass, sech an d'Situatioun vun deene Leit eran ze denken, déi ganz ënnen an onser Gesellschaft stinn. Dofir hunn déi Lénk géint dëst Gesetz gestëmmt. Plus d'informations >

PdL 6875 – Organisation du Conseil d’Etat

Wednesday, 31 May 2017

Och wa mer elo net strikt géint déi verschidden Elementer sinn, sou iwwerweit dach d'Enttäuschung vun der verluerener Chance an dat Gefill, datt d'Regierung hei just pro forma e puer Ännerunge mëscht, fir de Status Quo besser oprecht erhalen ze kënnen. Et gi just e puer nei Plooschteren op e Patient gepecht, deen dréngend misst op Häerz a Niren iwwerpréift ginn. Plus d'informations >

Reform vum Immigratiounsgesetz (Projet de loi 6992)

Wednesday, 08 February 2017

Dogéint! Abschiebehaft fir déi Aarm, de rouden Teppech fir déi Ultraräich: Dës selektiv Immigratiounspolitik ass einfach degoûtant an verstéisst géint all Wäerter, déi mer jo angeblech verteidegen. Plus d'informations >

PdL 7050: Budget fir d’Joer 2017

Wednesday, 21 December 2016

Och wann déi Lénk eng Rei positiv Elementer an dësem Budget gesinn an et kee Spuerbudget méi ass, si mir weiderhin der Meenung, dass dat staarkt Wuesstem vum Land duerch zolidd Investitiounen an d’ëffentlech Infrastruktur muss begleet a gesteiert ginn. Wëll nëmmen sou kënnen déi negativ Konsequenze vun dësem Wuesstem absorbéiert an d’Liewensqualitéit vun den Awunner an de Grenzpendler ofgeséchert ginn. D’Budgetsvirlag vun der Regierung kann déi Aufgaben net erfëllen. Plus d'informations >