Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7 - No 2 Verhandlungswochen ass d‘ Klimakonferenz zu Paräis, d’Cop21, de Samschdeg Owend op en Enn gangen. Politiker vun der ganzer Welt hunn sech géigesäiteg gefeiert a schwätze vun engem „historesche Moment“ an der Klimapolitik. An, effektiv, op den éischte Bléck gesäit et aus, wéi wann d‘ Deleguéiert zu Paräis dat hikritt hätten, wat kee sech virdru getraut huet, ze hoffen: 195 Länner hunn sech ob en deels verbindlechen Accord geeenegt.
Plus d'informations >