2013-2018: déi Lénk zéien de Bilan.

Friday, 20 July 2018

Eis 4 Deputéiert aus dëser Legislaturperiod zéien de Bilan vun de leschte 5 Joer. Mir droen d’Mobiliséierungen aus der Gesellschaft an d’Chamber: géint ongerecht Fräihandelsaccord’en, géint Militariséierung, fir besser Léin an Aarbechtsbedingungen, fir eng Steierpolitik am Interesse vun de Villen. Mir maachen dat leider oft als eenzeg, zu 2 géint 58, mee trotzdeem ass et eis gelonge wichteg Debatten unzestoussen an ze beaflossen a sou d'Linnen ze beweegen. Plus d'informations >

Budgetspolitik: E Paradigmewiessel ass néideg.

Wednesday, 04 July 2018

déi Lénk hunn de 4. Juli op enger Pressekonferenz hir Virschléi fir eng méi gerecht Budgetspolitik mat där mir d'Erausfuerderunge vun der Zukunft kënnen ugoen. Plus d'informations >

transformatoresch – credibel – participativ: déi Lénk stelle virleefege Programm vir

Saturday, 09 June 2018

déi Lénk hunn haut déi virleefeg Versioun vum Programm fir d’Parlamentswahle vum 14. Oktober 2018 presentéiert. De Programm ëmfaasst 22 Kapitelen an iwwer 400 konkret Fuerderungen an ass d’Resultat vun engem internen Diskussiounsprozess, den am November 2017 op engem Seminaire ugefaangen huet. Säit Méint hu vill Membere vun déi Lénk an Aarbechtsgruppen un dësem Dokument matgeschafft an et mat hiren Iddi’en an hirem Wëssen zu dem gemaach wat et elo ass: e Programm mat ambitionéierten Ziler fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ze meeschteren a ville konkrete Moossnamen, déi elo direkt kënnen ëmgesat ginn. Plus d'informations >

5 Mesurë fir de soziale Fortschrëtt.

Thursday, 07 June 2018

Haut de Moien hunn déi Lénk eng Pressekonferenz gehalen, fir 5 Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm virzestellen. Et handelt sech em Mesurë fir d’Sozialpolitik an d’Aarbecht. Plus d'informations >

D’Loyer’en erëm bezuelbar maachen

Tuesday, 27 February 2018

déi Lénk hunn haut e Gesetz presentéiert, dat déi iwwerhëtzte Loyerspräisser erëm op e bezuelbaren Niveau soll bréngen. Donieft gesäit d'Gesetzespropositioun och eng Stäerkung vun de Rechter vun de Locataire vir. Eng national Mietkommissioun soll nämlech an Zukunft fir méi Transparenz a Kontroll bei de Loyerspräisser kënne suergen. Plus d'informations >

Pressekonferenz – 3 Prioritéiten an 8 Lëschten fir d’Gemengewahlen

Friday, 15 September 2017

Fir d'Gemengewahlen 2017 proposéiert déi Lénk e kohärenten a glafwierdege Programm, dee ronderëm dräi zentral Themen opgebaut ass: eng Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser, der Schafung vu bezuelbarem Wunnraum an eng Gemengeplanung, déi op eng sozial an ökologesch Entwécklung. Mat 145 Kandidatinnen a Kandidaten an 8 Gemengen proposéiert déi Lénk eng wierklech Alternative fir ronn 250.000 Awunnerinnen an Awunner. Plus d'informations >