Intervenanten:
Fernand Fehlen, Soziolog
Melanie Noesen, Enseignante
Sabine Ehrhart, Ethnolinguistin
Sonja Kmec, Historikerin
(LU) Sprooch ass een Kommunikatiounsmëttel, dat d’Integratioun kann förderen, mä och kann ausschléissen. An den aktuellen Diskussiounen ronderëm d’Sprooch gëtt vill iwwer Identitéit an iwwer den aktuellen Zoustand vum Lëtzebuergeschen geschwat, dobäi ass den Enjeu vill méi grouss.
Mir wëllen zesummen kucken, a wéi engem Stadium sech d’Sproochen-Debatt grad befënnt an dann probéieren hier déi noutwänneg Sachlechkeet zereckginn andeems mer direkt, praxis-orientéiert a kontrovers eenzeln konkret Virschléi iwwerpréifen. Dofir soll d’Sprooch an de Schoulen an a weideren zentralen Beräicher am ëffentlechen Liewen op hier integréierend oder ausgrenzend Roll hin iwwerpréift ginn.
– Schoul: Wat wieren d’Vir- an Nodeeler déi eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch oder op zwou Sproochen bidde kéint? Wéi sollen Sproochen behandelt ginn, fir d’Chancengläichheet vun de Kanner hirzestellen?
– Weider Beräicher: Schléisst d’Feelen vum Lëtzebuergeschen an den Administratiounen Mënschen aus? Ass d’Sprooch e Muechtinstrument innerhalb vu Firmen? Welch progressif Proposen gëtt et, fir hei Sproochenbarrieren ofzebauen?
Exclusion par la langue?
(FR)