WAHLEN
'18

NEWS

18 Jan 2018
Konterbont: d’Lëtzebuerger Sprooch an eise Schoulen
Konterbont - 1) Wann ee sech de Programm vun eise Schoulen ukuckt, huet en den Androck, datt déi Lëtzebuerger Sprooch keng grouss Roll spillt. Dobäi ass déi Lëtzebuerger Sprooch dach e wichtegen Integratiounsfacteur fir eis auslännesch Matbierger a grad Kanner hunn et méi liicht Neies ze léieren. Oder ass eis Sprooch éischter eng Barrière, ewéi eng Integratiounshëllef??  - 2) Ass et Ärer Meenung no wichteg, datt an eise Schoule geléiert gëtt, ewéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift? Firwat jo / Firwat nee?  - 3) Wat sinn Är konkret Virschléi fir d’Lëtzebuerger Sprooch an de Schoule weider ze stäerken Plus d'informations
11 Jan 2018
Neijooschried vum Gary Diderich
De Co-Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich huet a sénger Ried ënnerstrach wéi wichteg et ass, en Zukunftsprojet fir Lëtzebuerg z'entwéckelen, den d'Wuel vun de Mënschen, déi bei eis liewen a schaffen, iwwer d'Interesse vu Superräichen, décke Promoteuren a mächtege Konzerner ze stellen. déi Lénk hu säit Joren konkret Elementer vu souengem Zukunftsprojet ausgeschafft, sief et mat eiser alternativer Verfassung (2014), déi d'Demokratie an d'sozial Rechter fir d'Leit stäerkt, eisem Programm fir d'Logementsproblematik (2015) wierklech unzepaken oder eise Virschléi am Beräich Aarbecht (2010 an 2017) fir d'Bedingunge vun de Leit op hirer Schaff ze verbesseren. Fir d'Wahlen am Oktober wäerten déi Lénk weider un dësem Zukunftspojet schaffen an de Leit eng staark Visioun fir e reellen politeschen a gesellschaftleche Wandel presentéieren. Plus d'informations
08 Jan 2018
Question parlementaire concernant le fonctionnement du Conseil national des étrangers
En ce 8 janvier 2018, six mois précisément se sont écoulés depuis l'élection du Conseil national des étrangers (CNE). Or, selon les informations dont je dispose, le CNE ne s'est pas encore réuni et aucune réunion n'aurait à l'heure actuelle été convoquée. Sachant qu'une convocation d'un organe comportant 34 membre devrait être lancée dans un délai raisonnable de quatre à six semaines et prenant en compte les vacances scolaires durant lesquelles une telle réunion ne peut avoir lieu, le risque est grand que le CNE mette quasiment une année pour se réunir depuis son élection, respectivement les nominations de ses membres. Ceci serait d'autant plus dommageable que le CNE serait dans l'incapacité de livrer un rapport sur l'intégration des citoyens étrangers avant les élections législatives d'octobre 2018. Plus d'informations
18 Dec 2017
Motion demandant la gratuité des transports publics
Am Kader vun de Budgetsdebatten 2018 hu mäer eng Initiativ geholl fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze fuederen. Plus d'informations
15 Dec 2017
Pdl 7060 – Upassung vu verschiddenen extraordinäre Congésdeeg
Ouni Begeeschterung : duerfir. Verschiddene gudden Ännerungen, stinn awer punktuell Verschlechterunge géigeniwwer. Am grousse Ganzen iwwerweien awer d’Verbesserungen, déi besonnesch jonke Famillje mat Kanner ze gutt kommen. Mee et ass kee grousse Worf an d’Fuerderung fir de legale Mindestcongé vu 25 op 30 Deeg an d’Lut ze setzen, bleift weiderhin top aktuell. Plus d'informations
15 Dec 2017
Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3
Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift.  Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos