WAHLEN
'18

NEWS

21 Jul 2016
déi Lénk soutient l’action du Front Polisario devant la CJUE
poli_web_01 L’UE ne saurait conclure ni appliquer des accords de libre-échange au mépris des droits fondamentaux des populations, en particulier lorsque celles-ci se trouvent sous occupation militaire. Plus d'informations
19 Jul 2016
Bilan de la session parlementaire 2015/16
Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk hunn op enger Pressekonferenz den 19. Juli de Bilan vum parlamentareschen Joer 2015-16 gemaach. Den David Wagner huet ervirgestrach, dat déi Lénk déi eenzeg an der Chamber vertrueden Partei sinn, déi dem neoliberale Konsens an der Ënnerwerfegkeet géigeniwwer der Finanzplaz eppes entgéint setzt. Et hätt een sech net vill Hoffnungen gemaach, dat dës Regierung eng méi sozial Politik maache géif, seet den Marc Baum an weist op déi dräi grouss Protester (Studieboursen, TTIP an Sozial- a Fleegeberuffer) hin, déi et zanter dem Ufank vun der Legislaturperiod géint d’Politik vu Blo-Rout-Gréng gouf. Mat konkreten Virschléi an enger intensiver Aarbecht versicht déi Lénk den Betraffenen eng Stëmm an der Chamber ze ginn. Plus d'informations
15 Jul 2016
PdL 6929 – Fonds d’Investissement Alternatif Réservé (FIAR)
Dogéint! No der Finanzkris 2008-2009, déi ganz Europa destabiliséiert a Millioune Leit an d'Aarmut gedriwwen huet, hunn d'Politiker grouss Riede gehalen iwwert d'Necessitéit, d'Finanzwelt vill méi streng ze reguléieren. Déi Sonndesrieden si laang passé, elo geet et erëm an déi ëmgedréite Richtung: D'Reguléierung gëtt erëm iwwerall zréck gefuer. Wann et dann déi nächste Kéier kraacht am internationale Finanzsystem – an dat ass just eng Fro vun der Zäit - da wäerten dës FIAR déi éischt sinn, déi Problemer maachen. Plus d'informations
14 Jul 2016
PdL 6869 – 6874 – Reform vun der Finanzéierung vun de Kulten
Enthalung! Als Lénk begréisse mer, datt d’Regierung op de Wee geet vun der Trennung vu Kierch a Staat geet. Haaptproblem ass och net d’Tatsaach, datt reliéis Communautéiten eng finanziell Ënnerstëtzung kréien (obwuel eis d’Zommen awer zolidd erschéngen), mee éischter datt déi aktuell Verfassung, déi mam Artikel 106 eng Obligatioun vum Staat virgesäit, fir d’Paschtouer-Paien ze bezuelen, net em- an ofgeännert gëtt. Ouni dës wichteg Ännerung bleift Trennung vu Kierch a Staat Wonschdenken. Plus d'informations
12 Jul 2016
PdL 6949 – Accord Renegade mat der Belsch an Holland
Enthalung! D’Regierung huet bei dësem Accord ähnlech Bedenke gehat wéi déi Lénk, wat den Ofschoss an den Doud vu potentiell onschëllege Mënschen a soumat de Schutz vum Recht op d’Dignitéit ugeet. Dofir ass den Ofschoss iwwer Lëtzebuerg och ausgeschloss. Fir eis ass de Prinzip vu souengem Accord awer ëmmer nach bedenklech, besonnesch, wëll d’Detailer net bekannt sinn. Plus d'informations
08 Jul 2016
Réfugiés homosexuels et transidentitaires, bienvenus !
gaymat-pagedéi Lénk soutient la reconnaissance de la persécution en raison de l'orientation sexuelle ou de l'identité de genre comme cause de fuite. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos