Em wat geet et am Gesetz?
Duerch dëst Gesetz gëtt versicht manner Budget an d’Formatioun continue ze investéieren mam eidelen Pretext d’Staatssuen besser ze verwalten. Et ass effektiv esou dat d’Uleies vum Gesetzesprojet, gemengt sinn d’Ënnerstëtzung an d’Entwécklung vun der Formatioun continue, an kompletter Kontradiktioun steet mam Usaatz, nämlech der Applikatioun vun Spuermesuren. Et kann en net méi mat manner maachen, an op kee Fall an deenen gesellschaftlechen Beräicher wou d’staatlech Investissementer am Meeschten néideg sinn, nämlech bei der Schoul an der Ausbildung.
Wat ass wichteg?
Aus den Statistiken déi dësem Gesetz en Aktiounshannergrond bidden, geet ervir dat d’Salariéen ab 45 Joer dem Aarbechtsmarché am mannsten ugepasst sinn, well se och am mannsten un Ausbildungen Deel huelen déi zu den Haaptachsen vun der lëtzebuergescher Wirtschaftspolitik gehéieren. Iwwer den allgemengen Wäert oder Stand vun den Qualifikatiounen vun der Masse salariale ginn et am Kontext vun dësem Projet de Loi keng Informatiounen. Dobäi misst déi gesetzlech Reegelung vun der Formation continue haaptsächlech op dësem Punkt opgebaut sinn.
D‘Restriktiounen déi dësen Gesetzesprojet virgesäit, betreffen zum Beispill d’Erofsetzen vun der staatlecher Co-Finanzéierung vun der Formation continue an den Betriber vun 20% op 15%. Sou bleiwen den Betriber, vun ganz kleng iwwer mëttel bis ganz grouss, nëmmen nach d’Halschent vun de finanziellen Moyenen iwwreg déi sollten fir d’Organisatioun vun Formatiounen agesat ginn. Grad esou problematesch fir den “Maintien dans l’emploi” an eng besser Viraussiicht op eng Aarbechtsplaz ass d’Erofsetzen vun 173- op 80 Formatiounsstonnen am Kader vun enger Adaptatioun au poste de travail.
Et ass erschreckend wéi jonk d’Salariéen den Ufuerderungen vum Aarbechtsmarché net méi entspriechen. Grad sou erschreckend ass dat 1/3 vun deenen Jonken vun 16-24 Joer et mol net bis op den Aarbechtsmarché packen an dat dëst Gesetz dësen Problem nëmmen verschäerft an deem et keng glécklech Zukunftsperspektiven fir d’Ausbildung um Aarbechtsmarché bitt.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?
Dergéint!
D’Qualitéit vun der Formatioun continue, misst am Virdergrënn stoen an net hir Finanzéierung. Et misst en vir d’éischt d’qualitativ Mëttel vun der Verbesserung vun der Qualitéit vun der Formation continue an déi spezifesch Besoin’en un Weiderbildungen an Ausbildungen identifizéieren, éier en de Budget festleet.
Déi Lénk hun géint dësen Projet de Loi gestemmt mat der allgemenger Iwwerleeung dat D’Prekaritéit vum Aarbechtsmarché d’Resultat ass vun enger verfeelter Wirtschafts- an Sozialpolitik. Effektiv sinn d’Wandlungen vum Aarbechtsmarché an d’Budgetskierzungen am Beräich vun der Educatioun wéi hei och an der Formatioun continue sinn op politesch Decisiounen zeréckzeféieren. Et also also keng Fatalitéit wann et haut un deenen néidegen Kompetenzen bei den Salariéen feelt an wann et zu enger Inkoherenz teschend Offer an Demande um Aarbechtsmarché komm ass.