1) Em wat geet et am Gesetzprojet?
Mat dësem Gesetz soll d’Besteierung op der plus-value beim Verkaf vun Immobilien (Bauterrain a Wunngebaier) vu personnes physiques fir 18 Méint halbéiert ginn. Aktuell gëtt des plus-value mat der Halschent vum taux global besteiert.
Beispill: Eng Persoun huet en effektive Steiersaz op sengem gesamte Revenu vun 20%. Verkeeft des Persoun elo e Bauterrain, da gëtt d’plus-value op dem Terrain (also d’Differenz tëscht dem Kaf- an dem Verkafswäert) aktuell mat 0,5 x 20% = 10% besteiert. Ab dem 1. Juli, wann des Gesetzesännerung a Kraaft trëtt, gëtt des plus-value just nach mat 0,25 x 20% = 5% besteiert.
D’Regierung erhofft sech mat dëser Gesetzesännerung eng Dynamiséierung vun der Offer um lëtzebuerger Immobiliemaart. Et gëtt gemengt, dass duerch eng méi déif Besteierung vun der plus-value méi Immobilië verkaf gi wéi bis elo a sou d’Präisser gebremst ginn.
2) Wat ass wichteg ?
Mir hunn e puer grondsätzlech Problemer mat dësem Gesetz an der Approche déi dem Gesetz zu Gronn läit:
(1) Wéi och vill aner Elementer vun der Steierreform ass och déi heite Mesure e Steierkado fir grouss Proprietairen. Déi Räich kréien alt erëm méi, all déi aner hate Pech.
(2) Tëscht 2002 an 2007 goufe scho ganz ähnlech steierlech Erliichterunge agefouert, ouni dass d’Explosioun vun de Wunnkäschten hätt kënne gebremst ginn. Firwat soll iwwerhaapt verkaf ginn, wann den Immobiliemarché aktuell déi bescht Rendit versprécht? Wat geschitt mat Terrain oder Haiser, déi verkaf ginn? Wéi gëtt Spekulatioun op Bauterrain an Immobilien ënnerbonnen? Alles dat ass net beäntwert.
(3) Grouss Gewënner bei dësem Gesetz si virun allem Immobilienagencen, déi bei all Verkaf eng Kommissioun vun 3% dropschloen a sou zu weidere Präissteigerunge bäidroen.
(4) De budgetären Impakt gëtt vun der Regierung als positiv bewäert, wëll d’Zuel vun de Verkeef kéint zouhuelen. Wou déi Aschätzung hierkënnt gëtt net verroden. Mir bezweifelen dat a mengen, dass dem Staat seng Recetten duerch dëst Gesetz éischter zréckginn.
3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?
Dogéint! Mir sinn der Meenung, dass des Mesure,
– ongerecht ass, wëll virun allem grouss Immobiliebesëtzer dervu profitéieren,
– net efficace ass, wëll se absolut keng Äntwert op d’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg gëtt an net zur Schafung vu bezuelbarem Wunnraum bäidréit,
– eis potentiell vill Geld kaschte kann, während d’Immobilienspekulante sech d’Täsche weider vollstiechen.
déi Lénk stelle säit Méint am Kader vun der Campagne iwwer d’Wunne konkret Konzepter an Instrumenter fir, fir verstäerkt Bauterrain an eidele Wunnraum ze mobiliséieren, fir géint Spekulante virzegoen a fir efficace an nohalteg a bezuelbare Wunnraum ze investéieren: http://wunnen.dei-lenk.lu/loesungen/
D’Gesetz gouf ugeholl mat 58 Jo-Stëmme géint zwou Nee-Stëmmen vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.