Fir d’Gemengewahlen 2017 proposéiert déi Lénk e kohärenten a glafwierdege Programm, dee ronderëm dräi zentral Themen opgebaut ass: eng Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser, der Schafung vu bezuelbarem Wunnraum an eng Gemengeplanung, déi op eng sozial an ökologesch Entwécklung. Mat 145 Kandidatinnen a Kandidaten an 8 Gemengen proposéiert déi Lénk eng wierklech Alternative fir ronn 250.000 Awunnerinnen an Awunner.
D’Gemeng muss sengen Awunnerinnen an Awunner gehéieren. D’Leit staark maachen heescht eng aner Aart a Weis vu Politik anzeféieren, déi de Biergerinnen a Bierger d’Méiglechkeet bitt, sech erëm aktiv an d’Entscheedungsprozesser anzebréngen. Partizipatioun, Transparenz a Rechenschaftspflicht sinn d’Schlësselwierder, déi sech wéi e roude Fuedem duerch de Programm vun déi Lénk zéien. Gläichzäiteg muss all Mënsch kënnen déi selwecht Rechter wouer huele fir eng solidaresch Gesellschaft opzebauen an all Form vun Diskriminatioun muss bekämpft ginn. Déi 3 wichtegst Fuerderungen:
1. D’Matbestëmmung vun de Leit stäerken, mat reegelméissege Consultatiounen op Quartiers- a Gemengenniveau.
2. Den Afloss vun de BiergerInnen op d’Entwécklung vun der Gemeng vergréisseren, mat der Hëllef vun engem partizipative Budget.
3. Direkt Matbestëmmung bei wichtegen Decisiounen aféieren, mat Referenden op lokalem Plang.
D’Leit staark maachen heescht awer och, hinnen e Stéck Kafkraaft erëm ze ginn. Bäi der Wunnengskris, déi fir vill Mënschen eng existenziell Kris ass, gëllt et dréngend ze handelen. déi Lénk setzen sech säit ville Joren dofir an, datt dës wichteg Problematik an den Zentrum vun der politescher Debatt réckelt an huet eng ganz Panoplie vu Mesuren ausgeschafft, déi sech an dräi Beräicher opsplécken: d’Spekulatioun bekämpfen an dat bestehend Potential notzen, massiv ëffentlech bauen an d’Rechter vun de Locatairë stäerken. Déi 3 wichtegst Fuerderungen:
1. D’Gemenge mussen hir Verantwortung huelen an all finanziell a gesetzlech Méiglechkeeten notze fir selwer bezuelbar Lokatiounswunnengen ze bauen.
2. D’Gemenge mussen d’Spekulatioun bekämpfen an d’Potential u Bauterrain’en a Wunnengsbestand ausnotzen. Dat sollen se mat engem Dispositif erreechen, dee vun der proaktiver Kontaktopnahm mat BesëtzerInne vun eidele Wunnengen a broochleienden Terrain’en bis zu enger gestaffelter Besteierung geet, sou wéi och am Pacte Logement virgesinn.
3. D’Gemenge mussen d’Locataire schützen an d’Moyen’en vun de lokale Mietkommissiounen notzen an ausbauen.
Donieft ass et wichteg, sech an de Gemenge fir eng sozial an ökologesch Entwécklung anzesetzen. Wirtschaftleche Wuesstem mëscht nëmme Sënn, wann doduercher d’Liewensbedingunge vun allen Awunner verbessert ginn. Staark ëffentlech Servicer, eng gerecht Besteierung, en efficacen ëffentlechen Transport an den Ausbau vun den erneierbaren Energië sinn nëmmen e puer Ziler vun engem Programm, deen eng credibel Alternativ bitt fir e reelle politesche Wiessel. Déi 3 wichtegst Fuerderungen:
1. D’Gemengenentwécklung muss ganz an ëffentlecher Hand an demokratesch organiséiert sinn. Mir si géint all Privatiséierung vu Gemengeservicer a wäerten net op de Modell PPP (“Partenariat public-privé”) zréckgräifen.
2. Mir wëllen d’Ëmwelt an d’Klima schützen an d’Liewensqualitéit vun de BiergerInne garantéieren. Den effikassen Ausbau vum ëffentlechen Transport an der Gemeng an eng Gemengeplanung zugonschte vu FoussgängerInnen a Cyclisten si fir eis wichteg Prioritéiten.
3. D’Gemenge musse méi an d’Produktioun vun erneierbaren Energien ënnert ëffentlecher Kontroll aklammen an dobäi och individuell Initiativen an dezentral Kooperativen ënnerstëtzen.
Staark Lëschten
déi Lénk presentéiere representativ Lëschte mat engagéierte Kandidatinnen a Kandidaten an 8 Gemengen, dorënner déi 7 gréisste Gemenge, mat insgesamt 250.000 AwunnerInnen: Déifferdeng, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Hesper, Lëtzebuerg, Péiteng, Suessem a Stroossen. Par Rapport zu de leschte Gemengewahle sinn 2 nei Lëschten derbäi komm, wat déi aktuell Dynamik vum Mouvement ënnersträicht.
Bäi den 145 Kandidatinnen a Kandidate stellen d’Fraen d’Hallschent (72 vun 145 = 49,7%). 20% vun de Kandidatinnen a Kandidaten hu keng lëtzebuerger Nationalitéit an den Altersduerchschnëtt léit bei 46 Joer.
Den Détail vun de Lëschte fannt dir hei.