Am Optakt vun der Wahlcampagne, stellen déi Lénk hir Publikatioune vir a ginn domat een Abléck an hir Wahlkampfstrategie. Heibäi läit de Wäert um Contenu: kloer Revendicatiounen op de Panneau’en, ee Slogan dee kämpferesch an eng besser Zukunft bléckt an d’Perspektive fir en anere Gesellschaftsmodell opmécht. Lëtzebuerg steet viru groussen Erausfuerderungen. D’Aarmut, de Klimawandel, d’Wunnengsnout an d’Stäerke vum gemeinsame Wuelstand si mat déi gréissten Erausfuerderungen deenen sech d’Land muss stellen.
Et ass Zäit fir Verännerung. déi Lénk sinn engagéiert fir des Verännerung.
De Wahlprogramm steet op véier thematesche Stäipen, déi eis véier Haaptaussoen ënnersträichen, déi op de Wahlkampfpanneau’e ze liese sinn :
Gutt Aarbecht. Anstänneg Léin. / Gerecht Steieren. Gemeisame Wuelstand. / Gesond Ëmwelt. Sozial Prioritéit. / Gënschteg Wunnen. Ëffentlech Bauen.
Des Fuerderunge mobiliséiere konkret Mesuren aus dem Wahlprogramm déi kuerz- a mëttelfristeg realiséierbar sinn. Laangfristeg suergen des Mesurë fir d’Ofsécherung vum gemeinsame Wuelstand an den Ëmweltschutz. Den Engagement vun haut garantéiert domat d’Wuelbefanne vun de Generatioune vu muer.
Well se enk verbonne si mam Kampf géint Aarmut, Steierongerechtegkeet, Ëmweltzerstéierung an déi explosiv Logementspräisser, liwweren des Fuerderungen Äntwerten op d’Haaptenjeu’e déi déi Lénk an den Zentrum vun hirer Politik stellen. Deemnächst, wäerten op de soziale Reseau’e Detailer ze liese sinn iwwer d’Zil, d’Ëmsetzbarkeet an den Impakt vun dëse Fuerderungen.
An enger Broschür mam Titel Zäit fir Verännerung, stinn a vereinfachter Sprooch d’Motivatiounen an d’Ziler vum Engagement fir d’Verännerung erkläert. Des Dokument kann een als Manifest ugesinn dat eis Iddien an Iwwerzeegungen ënnert d’Leit bréngt an se aluet des Iwwerzeegungen zesumme mat déi Lénk bei dëse Wahlen an och an Zukunft duerchzesetzen.
D’Campagne rullt.