Thursday, 08 November 2018

Pressekonferenz : déi Lénk stellen hir Fuerderungen un d’Koalitiounsparteien

Déi klammend sozial Inegalitéiten an d’ekologesch Urgence sinn déi wichteg Erausfuerderungen fir déi kommend Joren. Déi nächst Regierung wäert sech un deenen Enjeue moosse mussen.

Dass dat esou ass, weisen zwee Rapport’en, déi an de leschte Woche verëffentlecht goufen. De Bericht vum STATEC iwwer d’cohésion sociale an de Bericht vum IPCC vun der UNO iwwer d’Äerderwiermung. De neie Rekordwäert vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg vun 18,7 % ënnersträicht nach emol d’Urgence vun der Ëmsetzung vun soziale Mesuren. 18,7 % vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen hunn ee Revenu deen ënnert 1804€ läit, also däitlech ënnert der Aarmuttsgrenz. Eng ëmmer méi grouss Unzuel u Salarié’en verdéngt ëm de Mindestloun, dem säi Montant och nët iwwer d’Aarmuttsgrenz eweg läit. Hir Unzuel ass säit 2016 vun 12,4% op 15,3% geklommen. Bei iwwer engem Drëttel vun de Leit déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, ass et de Logement deen bal de ganze Budget opfrësst.

Den IPCC vun der UNO huet ganz kloer ënnerstrach, dass d’Äerderwiermung ënner 1,5°C bleiwe muss, wëll alles wat doriwwer geet, net ze kontrolléiere wier. Wa mer sou weidermaache wéi bis elo, dann depasséiere mer déi 1,5°C schonn em d’Joer 2030 a steieren op +3°C zou.Fir dass dat net geschitt, musse bis 2030 d’Zäregasen-Emissiounen em 45% falen, weltwäit, an dat par Rapport zu 2010. D’EU a besonnesch Lëtzebuerg hunn historesch esou eng grouss Verantwortung an ekonomesch esou vill Méiglechkeeten, dass vill méi ewéi 45% muss reduzéiert ginn, och fir de méi aarme Länner Spillraum ze loossen.

déi Lénk pochen op direkt ëmsetzbar sozial Mesurë beim Logement, de Léin, der Aarbechtszäit der Gesondheet a bei der Klimapolitik. All Verzögerung oder Verzicht op dës Mesurë huet net nëmme fatal Konsequenzen fir d’Liewensgrondlagen vu jidderengem, mee stellt och Sënn an Zweck vun enger Regierungsbedeelegung vu LSAP an déi Gréng a Fro.

Mir wëllen des Koalitiounsverhandlunge kritesch a konstruktiv verfollegen. Dofir hu mir op enger Pressekonferenz eis Fuerderunge matgedeelt déi onbedéngt misste vun der neier Regierung ëmgesat ginn:

  • -De Mindestloun op 2380 Euro brutto erhéijen an d‘Aarbechtszäit bis 2030 op 32 Stonnen d’Woch kierzen.

Leit zu Lëtzebuerg schaffen net just méi Stonnen d‘Woch wéi an aneren europäesche Länner, mä si verdéngen och par Rapport zu der geleeschter Produktivitéit an dem erwirtschafte Gewënn  vun den Entreprisë vill ze wéineg. Dat gëllt besonnesch fir Leit déi fir de Mindestloun schaffe ginn. 2017 waren 13,7% vun de Leit déi an engem ganze Joer vollzäit geschafft hunn, der Aarmut ausgesat, méi ewéi an eisen Nopeschlänner.

  • Den Tiers-payant généralisé an eng Couverture Médicale Universelle aféieren

Den Zougang zu der Gesondheet dierf net duerch finanziell Barrièrë verspäert bleiwen. 2017 sinn zu Lëtzebuerg 784 Patiente wéinst Gesondheetsproblemer vu Médecins du Monde behandelt ginn. All dës Patienten hate keen Zougang zu medezinesche Behandlunge bei engem Generalist, well si et sech net kënne leeschten d’Suen fir eng Behandlung virzestrecken, wat zu Lëtzebuerg ënnert 90 € Fraisen obligatoresch ass. Allgemeng schätze Médecins du Monde d’Unzuel u Leit ouni Sozialversécherung zu Lëtzebuerg op 1500. Mat der Generaliséierung vum Tiers-payant, muss kee méi seng Rechnunge virausbezuelen. Wat elo schonn am Kader vum Tiers-Payant social gëllt, gëllt da fir jiddereen. Et ass wichteg op laang Dauer op en integralen Tiers-payant hinzeschaffe bei dem d’CNS de Gesamtbetrag vun de Rechnungen direkt rembourséiert. Fir Leit ouni Revenu soll e Recht op eng Couverture médicale universelle agefouert ginn. D’Gesondheet huet kee Präis, egal wéi vill ee verdéngt.

  • -D’Loyer’en erëm bezuelbar maachen an d’Spekulatioun stoppen

De Staat an d’Gemenge brauchen Terrain’en a gënschtege Lage fir dee Wunnraum ze schafen, deen d’Leit d’Urgence brauchen. déi Lénk hunn ee Gesetz geschriwwen dat d’Berechnung vum maximale Loyer fir eng Wunneng erëm der wirtschaftlecher a finanzieller Realitéit vun de Leit upasst an net de Profitvirstellunge vu Spekulanten a Promoteuren. Eng Wunneng ass e Recht a keng Geldmaschinn. Eng nei Regierung muss direkt der Spekulatioun op Bauterrain’e en Enn setzen an déi entspriechend Steiernischen (Fonds d’investissement spécifiques) ofschafen. D’Regierung muss all d’Instrumenter, déi et haut scho gesetzlech ginn notzen an sech neier ginn, wéi zum Beispill d’Mehrwertabgab op Bauland.

  • -De Klimawandel endlech eescht huelen an ekologesch Transitioun ugoen

D’Regierung muss de Prozess fir d’Klimaschutzstrategie an de Beitrag vu Lëtzebuerg fir d’Klimakatastroph ze verhënneren direkt ugoen. E Prozess ähnlech wéi bei der Ausaarbechtung vun de sektorielle Pläng muss agelaut ginn, fir des Strategie sou séier ewéi méiglech prett ze hunn. Lëtzebuerg brauch e legale Kader fir d’Klimapolitik. Dee legale Kader soll och iwwer d’EU-Virgaben erausgoen an och sektoriell Ziler beinhalten. Bis 2030 muss den Zäregasausstouss am Transportberäich massiv reduzéiert ginn. Hei entstinn nämlech 55% vum gesamten Ausstouss vun Zäregasen zu Lëtzebuerg. Besonnesch den Export vu Sprit – Diesel fir Camion’en virun allem – fält hei an d’Gewiicht. Mat der aktueller Steierpolitik an dem Beräich exportéiert Lëtzebuerg Ëmwelt- a Gesondheetsschied an d’Ausland a belaascht och d’Loftqualitéit an d’ëffentlech Gesondheet zu Lëtzebuerg selwer ëmmer méi. Den Ausstouss vun Zäregasen am Transportberäich ass net méi ze verantworten. Eng nächst Regierung muss sech där Fro prioritär unhuelen an no Léisunge sichen.