Friday, 03 July 2015

Referendum a Griicheland: Eng eemoleg Chance fir Europa!

Zanter dësem Mëttwoch huet Lëtzebuerg d’EU-Presidence, an dat an enger Zäit wou d’Europäesch Unioun a Fro gestallt ass. D’EU ass onfäheg eng Léisung fir déi griichesch Kris oder och fir d’Flüchtlingskatastroph ze fannen.

Ökonomesch Interesse sinn am gaangen d’Europäer ze splécken, sozial a politesch Konsequenze sinn elo schonn dramatesch. Och innerhalb vun der Währungsgemeinschaft gi Länner a Konkurrenz gesat, am Numm vun der Kompetitivitéit gi Mesurë getraff, déi schlussendlech allen schueden, wéi zum Beispill de Loundumping an Däitschland oder och de Steierdumping a Lëtzebuerg. Wéi bei all Konflikt profitéieren e puer wéineger,  op Käschte vun deene Schwächsten aus der Bevëlkerung. Fir Banken an Investisseuren ze schütze gëtt dat griichescht Vollek zanter 5 Joer an eng humanitär Katastroph gedriwwen. Op Urode vu Beroderfirmaen a Banken, wéi Goldmann Sachs, gedriwwe vu Rating-Agenture mat der Kollaboratioun vun Technokrate vun der Troïka, déi schonn un enger Ersatz-Regierung schaffen, ginn a praktesch allen europäesche Länner déi Räich an d’Grousskonzerner entlaascht a gläichzäiteg gëtt de Sozialstaat op Käschte vum Vollek ofgebaut. D’Sich no Schëllege fir den eegene Misère ze verstoppe féiert fatalerweis ëmmer méi heefeg zum Nationalismus.

Et däerf net zougelooss ginn, datt d’Salariéen, d’Pensionären, déi Jonk an déi Aarbechtslos aus deenen eenzelne Länner géinteneen ausgespillt ginn. Et däerf net zougelooss ginn, dat et fir Europa just de Wee iwwer d’Austeritéit gëtt. An dowéinst ass et wichteg, SYRIZA, déi éischt Austeritéitsgéigner an enger europäescher Regierung, ze ënnerstëtze bei hirem Versuch, mat der gescheiterter Logik vun der Troïka aus deene leschte Joeren ze briechen, an een neie Wee fir Europa opzezeechnen.

Et sinn déi lénk Kräften an Europa, déi sech fir Solidaritéit, fir Demokratie a fir d’Dignitéit vun Allen staark maachen. Europa geet just solidaresch.

De Referendum, deen déi griichesch Regierung dëse Sonndeg organiséiert, ass eng eemoleg Chance fir ganz Europa. Fir déi éischte Kéier kritt  e Vollek d’Méiglechkeet, selwer iwwer Wirtschafts-, Sozial a Finanzpolitik ofzestëmmen, amplaz se opgedréckt ze kréien. Et ass ee gutt Zeechen, datt a Griicheland sech d’Stëmmung net géint Europa, an och net géint den Euro gewendt huet, mä datt d’Vollek de Glawen net verluer huet, datt Europa och anescht funktionéiere kann.