Thursday, 09 February 2017

Reform vum Nationalitéitegesetz (PdL 6977)

1)    Em wat geet et an deem Gesetzprojet ?

D’Nationalitéitegesetz definéiert d’Konditiounen, déi eng Persoun erfëllen muss, fir Lëtzebuerger ze ginn. Domadder verbonnen ass och dat demokratescht Recht, d’Parlament ze wielen. Zu Lëtzebuerg huet bal d’Halschent vun der Bevëlkerung keen Lëtzebuerger Pass, obwuel se deelweis hei opgewuess sinn, respektiv schonn ganz laang hei liewen.

2)    Wat ass wichteg ?

–       D’Buedemrecht gëtt agefouert :

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess ass, kritt mat 18 Joer automatesch déi Lëtzebuerger Nationalitéit (wann hien 5 Joer virdrun un engem Stéck hei gewunnt huet).

–       D’Residenzklausel gëtt vun 7 op 5 Joer erofgesat :

Eng Persoun, déi 5 Joer hei am Land wunnt, den Sproochentest gepackt huet an an Civiques-coursen goung, kann Lëtzebuerger ginn.

–       Den Sproochentest gëtt adaptéiert :

Lëtzebuergesch schwätzen an verstoen kann elo mateneen kompenséiert ginn.

–       Eng Rëtsch administrativ Vereinfachungen ginn agefouert, z.B.:

Fir Leit, déi mat engem/r Lëtzebuerger/in bestuet sinn,

Fir Leit, déi hei am Land an d’Schoul gaange sinn,

3)    Wéi hunn déi Lénk gestemmt  ?

Dofir !

Et ass eng wesentlech Verbesserung vum Nationalitéitegesetz, déi der Realitéit vun eiser Gesellschaft vill méi entsprécht. Besonnesch d’Aféieren vum Buedemrecht ass fir déi Lénk e ganzt wichtegt Element.

Leider ass duerch Afloss vun der CSV d’Gesetz awer an verschiddenen Punkten verwässert ginn. Esou bleift d’Lëtzebuergescht weider en Examensfach, also en Instrument fir Leit auszeschléissen. déi Lénk mengen, datt een am Géigendeel d’Lëtzebuergescht hätt sollen benotzen fir Brécken ze bauen an net fir Leit auszegrenzen. Den éischten Entworf vum Gesetz hat do e puer Méiglechkeeten virgesinn, déi leider net zréckbehalen goufen.