Wednesday, 11 September 2019

Schutz vun de Locatairen – D‘Gesetzpropositioune vun déi Lénk endlech diskutéieren !

De Problem vun der Wunnengsnout gëtt ëmmer méi schlëmm. D’Zuelen déi reegelméisseg vum „Observatoire de l’Habitat“ a vum Statec publizéiert ginn, bestätegen, wat e groussen Deel vun der Bevëlkerung feststelle muss: eng korrekt a bezuelbar Wunneng ze fannen ass zu engem Luxus ginn an dréit zur Veraarmung vun ëmmer méi Leit bäi.

Entgéint deem wat déi verschidde Regierungen ëmmer erëm behaapt hunn, hunn se séier wéineg gemaach fir dee Problem ze léisen.

Méiglechkeete ginn et awer: den ëffentleche Bestand u Wunnengen a Terrain’en vergréisseren, d’Wuesse vun de Loyerspräisser gesetzlech bremsen an d’Terrain- a Wunnengsspekulatioun duerch déi grouss Promoteure bekämpfen.

An der leschter Legislaturperiod hunn déi Lénk zwou Gesetzpropositiounen iwwert de Logement deposéiert.

Déi éischt Propositioun (n° 7094) gouf de 15. November 2016 deposéiert a gesäit vir, dass den Opdragsgeber un d‘Immobilenagence (wat meeschtens de Propriétaire ass) d’Frais d‘agence iwwerhuele muss an dass och d’Garantie locative op ee Mount Loyer muss begrenzt ginn. Déi Gesetzpropositioun ass scho vun der Salariatskummer, der Handelskummer an der Landwirtschaftskummer aviséiert ginn. Den Staatsrot huet säin Avis de 17. Mäerz 2017 ofginn.

Déi zweet Gesetzpropositioun (n° 7257) ass den 1. Mäerz 2018 deposéiert ginn. Si gesäit haaptsächlech zwou Saache vir: engersäits eng Berechnungsmethod, déi d‘Loyerspräisser bremse soll an zweetens d‘Schafung vun enger nationaler Mietkommissioun, déi bei engem Rechtssträit iwwerpréift, ob d’Konditioune vum Loyerskontrakt dem Gesetz entspriechen an ob d‘Wunnéng an engem gudden Zoustand ass. D‘Staatsbeamtekummer huet déi Gesetzpropositioun de 5. Juni positiv bewäert.

Bis elo huet d‘Regierungskoalitioun et net fir néideg fonnt, zu deenen 2 Gesetzpropositioune Positioun ze ergräifen an d’Majoritéitsparteien hunn se och nach net an der Logementskommissioun behandele gelooss. Dat obwuel d‘Majoritéit net midd gëtt fir der Oppositioun reegelméisseg virzegeheien, se géif „näischt virschloen“. Wann et awer geschitt, da ginn d‘Proposen einfach ignoréiert.

Déi zwou Gesetzespropositioune vun déi Lénk léisen eleng de Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg net. Dofir si weider Mesure néideg, ganz besonnesch de Kampf géint d‘Spekulatioun duerch déi grouss Promoteuren. déi Lénk wäerten sech zu deem Thema weiderhin zu Wuert mellen.

Mee déi Propositioune wäerten op eng effikass Manéier fir e bessere Schutz vun deenen Deeler vun der Bevëlkerung suergen, déi am meeschten ënnert den héije Loyeren an de schlechte Wunnbedingunge leiden. Si mussen dofir esou séier wéi méiglech an der Chamber debattéiert ginn. An deem Sënn hu mer de President vun der Logementskommissioun, den Henri Kox, ugeschriwwe fir déi zwee Texter endlech op d‘Dagesuerdnung vun där Kommissioun ze setzen.