Tuesday, 09 February 2016

Sozialofbau wéinst dem Cameron? Nee Merci!

Déi lescht Woch huet den EU-Rotspresident Donald Tusk e Pak mat Reformen op den Dësch geluecht, fir de konservative britesche Premier David Cameron dovunner ofzehalen, säi Land aus der EU ze féieren. Amplaz sech géint dee kloren Erpressungsversuch vun den englesche Konservativen ze wieren, léist Bréissel sech zu weidere Konzessioune beweegen. Zwar gi verschidde roud Linne net iwwerschratt, mä d’Rechter vun den europäesche Biergerinnen a Bierger ginn awer staark verwässert.

Nieft aneren neoliberale Wënsch, wéi engem klore Bekenntnis zum TTIP, gehéieren nämlech virun allem den Ofbau vun de Rechter vun den Aarbechter zum virleiende Kompromëss. Sou soll e Mechanismus ageféiert ginn, deen et all Memberland ënner gewësse Conditiounen erlaabt, EU-Bierger 4 Joer laang vu soziale Prestatiounen auszeschléissen. Ausserdeem solle Familljenzoulagen däerfe gekierzt an d’Beweegungsfräiheet vu Bierger aus Drëttstaate, déi mat engem EU-Bierger bestuet sinn, limitéiert ginn.

Et ass bezeechent, datt grad erëm de sozialen EU-Acquis soll um briteschen Altoer geopfert ginn. Während d’Mësstrauen vun de Biergerinnen an Bierger an eng EU, déi vrun allem am Interesse vun de Grousskonzerner a Kapitalgesellschafte handelt, ëmmer weider klëmmt, soll déi biergerfeindlech Ausrichtung vun der EU nach weider bestaërkt ginn.

Datt vill Mënschen aus der EU-Peripherie gezwonge sinn ze immigréiere fir eng Aarbecht ze fannen, ass eng Tatsaach, well säit dem Ausbroch vun der Finanzkris huelen déi ökonomesch Diskrepanzen zwëschen den EU-Länner ëmmer méi zou. Dee Problem léist een awer net domadder, datt ee Mënsche vu soziale Prestatiounen ausschléisst, mä andeems een d’Liewenskonditiounen an hiren Ursprongslänner verbessert.

Fir d’Solidaritéit innerhalb vun der EU a fir de sozialen Zesummenhalt zwësche senge Bierger ass de virleiende Kompromëss nees e schwéiere Réckschlag, dee fir déi weider Entwécklung vun der EU näischt Guddes erwaarde léist. déi Lénk verlaangt dann och vun der lëtzebuerger Regierung dëse Virschlag um nächsten Europäesche Rot ofzelehnen.