« Wien huet iwwert seng Verhältnisser gelieft ? Wien ass domadder gemengt ? Déi 80.000 Leit hei am Land déi am Aarmutsrisiko liewen ? Déi bal 9.000 Leit déi tatsächlech net iwwert d’Ronne kommen ? Déi Dausende Fraen am Botzsecteur, déi zanter Méint, ouni Réckendeckung vun der Regierung dofir kämpfe mussen, datt d’Betriber hier Arbechtszäite respektéieren an d’Iwwerstonnen ausbezuelen ? Oder mengt Dir déi Superräich, déi Dir net weider besteiere wëllt ? Schwätzt Dir vläit vun deene 655 Ultraräicher déi eng Fortune vu wéinstens 30 Milliounen Dollar hunn an déi zesummen iwwert 65 Milliarde verfügen ? Wien lieft iwwert seng Verhältnisser a wien bezilt am meeschte par rapport zu sengem Besetz ? »Dat an nach vill méi sot eisen Députéierte Justin Turpel a senger Interventioun zum « Zukunftspak » vum Staatsminister. Hei integral seng Ried nokucken !
Plus d'informations >