Knapp d'Halschent vun den demandeurs d'emploi si säit méi ewéi 12 Méint op der ADEM ageschriwwen a gëlle soumat als Laangzäitchômeuren. 2017 gouf e Gesetz gestëmmt fir deene Leit d'Méiglechkeet op eng anstänneg an onbefrist Plaz bei Gemengen, dem Staat oder an der sozialer Wirtschaft (asbl., SIS, Stëftungen asw.) ze bidden. Mir froen elo no, ob dëst Gesetz Erfolleg huet. Wéi vill Leit ginn aus prekärer Aarbecht (z.B. OTI'en) erausgeholl a wou genee kréien se eng Aarbecht? Gëtt et eng Evaluatioun vun dem Programm respektiv ass eng geplangt?
Plus d'informations >