Stellt iech vir, dir kënnt als Locataire vun ärer Wunneng de Loyer net oder net ganz bezuelen. De Propriétaire mellt sech doropshi bei ärem Employeur an den saiséiert en Deel vun ärem Salaire, fir de Propriétaire ze bezuelen. Fir dass sou Dériven net méiglech sinn, dierf eng Saisie nëmmen opgrond vun engem Uerteel vum Friddensriichter decidéiert ginn, och de Montant gëtt esou festgeluecht. Wéi mir gewuer gi sinn, schéngt d'Pensiounskeess (CNAP) dat awer net esou ze gesinn an hält d'Rent vu Leit deelweis an, wëll se eng Demande vun engem Creancier (z.B. enger Bank) krit hunn, an dat ganz ouni Geriichtsuerteel. Wéi kann dat sinn? Mir hunn eng Erklärung vun den zoustännege Ministere gefrot.
Plus d'informations >