Question parlementaire concernant les mesures d’amélioration de la qualité de l’air à Bascharage près de la brasserie

Friday, 26 July 2019

Duerch d'Natura 2000-Gebitt an zwee Bëscher tëscht Käerjeng a Suessem soll e Contournement gebaut gi fir d'Haaptstrooss duerch Käerjeng z'entlaaschten. Op der Kräizung bei der Brauerei goufen do an der Vergaangenheet NO2-Wäerter gemooss, déi iwwer den europäesche Grenzwäerter louchen. Säit 2016 sinn déi Wäerter awer däitlech erofgaangen a leien elo deelweis schonn ënnert dem europäesche Grenzwäert vu 40 ?g/m3. Trotzdeem bleift d'Regierung eenzeg an eleng op déi Strooss fokusséiert, ouni hirer wichtegster Obligatioun nozegoen, nämlech Mesuren z'ergräifen, déi d'Loftqualitéit kuerzfristeg verbesseren an den AwunnerInnen direkt hëllefen. Se verstéisst domat och géint europäesch Reegelen. Hätt d'Regierung sou Mesuren ergraff, wier de Leit direkt gehollef ginn an déi verbessert Loftqualitéit géif och des nei Strooss definitiv iwwerflësseg maachen. Mir hunn der Ëmweltministesch e puer Froen doriwwer gestallt. Plus d'informations >