Wirtschaftsintressen oder de Respekt vun de Mënscherechter: Wat ass méi wichteg? Zwou Wochen no der pompöser Wirtschaftsmissioun an d'Vereenegt Arabesch Emirater, koum et an der Chamber zu enger Debatt iwwert d'Mënscherechtssituatioun am Noen Osten. Obwuel all d'Riedner an hire Beiträg d'Mënscherechter iwwert alles gestallt hunn, krut d'Majoritéit op eemol kal Féiss, wou se mat enger konkreter Motioun vun déi Lénk konfrontéiert gouf. Dës Motioun huet d'Regierung opgefuerdert, sech fir d'Fräiloossung vu Mënscherechtsaktivisten an Oppositionellen asetzen, déi an den Emirater ënner onmënschleche Bedingungen am Prisong sëtzen.
Plus d'informations >