An der Aktualitéitsstonn iwwer de Fonds du Logement huet den David Wagner de Fanger an d’Wonn geluecht: Nëmmen 2% vum verfügbare Bauterrain zu Lëtzebuerg gehéiert dem Fonds du Logement, nëmmen 10% gehéiere Staat, Gemengen an engem vun den zwee ëffentleche Promoteuren, SNHBM (2%) a Fonds du Logement (2%). De ganze Rescht gehéiert Privaten, wouvunner de Gros am Besëtz vun enger ganz klenger Minoritéit vu Groussgrondbesëtzer a vun décke Promoteuren an hire spekulative Fongen ass.
Plus d'informations >