Referendum a Griicheland: Eng eemoleg Chance fir Europa!

Friday, 03 July 2015

De Referendum, deen déi griichesch Regierung dëse Sonndeg organiséiert, ass eng eemoleg Chance fir ganz Europa. Fir déi éischte Kéier kritt  e Vollek d'Méiglechkeet, selwer iwwer Wirtschafts-, Sozial a Finanzpolitik ofzestëmmen, amplaz se opgedréckt ze kréien. Et ass ee gutt Zeechen, datt a Griicheland sech d'Stëmmung net géint Europa, an och net géint den Euro gewendt huet, mä datt d'Vollek de Glawen net verluer huet, datt Europa och anescht funktionéiere kann. Plus d'informations >